top of page

Addendum zum Artikel 

D’Virgehensweis, wéi se an am Artikel beschriwwe gëtt, ass legal ënner EU Direktiven. Renomméiert Zeitungen, ewéi d’Financial Times, hunn awer och schon iwwer dës mëssleedend Virgehensweis an aneren europäesche Länner geschriwwen.

Fuerderen d'GO fuërdere dann net greng Energien?

Et gëtt geschat, dass iwwer 75% vun dë GO, déi fräi verkaf ginn, aus ale Waasserwierker aus Skandinavie kommen an zwëscht 0.5 an 3 € pro Megawatt Stonn (MWh) kaschten. Am Verglach: de Maartpräis vum Stroum loung bei iwwer 40€ pro MWh fir 2019, sou dass dës GO aus ekonomëscher Siicht net signifikativ sinn, fir dës Wierker um Lafen ze halen oder se ze fërderen.

 

Dëst ass och net de but vun de GO. De GO System soll et informéierte Konsumente erlaben, net just op Elektrizitéitspräisser baséirend, hir Präferenz fir erneierbar Energien um Maart ze signaliséieren. Et ass awer och fir vill Stroumfournisseuren e bëllegt Mëttel, sech greng ze kafen.

Wéi greng ass de lëtzebuerger Stroummix dann?

Lo kéint een argumentéieren, dass den däitsche, franséichen a belsche Mix jo awer och erneierbaren Energien besteet, sou dass net de ganzen importéierte Stroum knaschteg ass. Dëst ass wuel wouer – Frankräich ass bei 21%, Daitschland bei 38% an d’Belsch bei 19% Stroum aus erneierbare Sourcen. Wann een dës Zuelen elo matt der Importstatistik kombinéiert, kënnt een op e Prozentsaatz vun 39% – ma si mer längst nach net an den Dimensiounen vu 55%, ewéi et duech d’Praktik vun de GO méiglech ass.

BlogStatsElec.png

Kann de Stroum dann net aus de GO Länner importéiert ginn (zB Island oder Norwegen)?

Effektiv hunn d’skandinavesch Länner Stroumkabele matt Däitschland hunn, an Däitschland matt Lëtzebuerg, sou dass de Stroum jo theoretesch fléisse kéint. Bis ewell gëtt et awer nëmmen 1 Interconnector zwëscht Daitschland a Schweden. E weideren, zwëscht Däitschland an Norwegen, soll réicht dëst oder next Joër a Betrieb goën, spilt also kee Rôle an den historesche Rechnungen. A souguer wann esou Kabelen gengen existéieren, erlaabt et den däitschen Elektrizitéitsréseau net, innerhalb vum Land genuch Elektrizitéit vun Norden no Süden fléissen ze loossen.

Fuerdert esou ee System dann net déi greng Bilanz op dem europäesche Niveau?

 

Et kéint een effektiv argumentéieren, dass d'GO oder d’statistesch Transferten op EU Level d’Zil vun den erneierbaren Energien encouragéieren – fir dass dës do gebaut ginn, wou et déi bäscht Konditioune ginn. Dëst ass villäicht theoretesch wouer (praktesch sinn déi Mechanismen ze bëlleg), mee de Stroum aus der Steckdous gëtt uech sou Praktike ni iwwerall greng. Sou kënnen zum Beispill Waasser- a Wandmillen a Skandinavie gebaut ginn, déi ganz Europa kéinte matt Stroum versuergen – ma ouni Kabelen bis erof a Südeuropa bleiwt dese Mechanismus ineffizient.

bottom of page