Déi wichtegst Froën an Äntferten zum Klimawiëssel

Wat ass de Klimawiëssel?


De Klimawiëssel ass d’Verännerung vu globalen oder regionale Klimamuster. Am Volleksmond ass Klimawiëssel assoziéiert matt der Ännerung vum Klima zënter Mëtt vum 20. Joerhonnert bis haut, besonnech erkennbar duech global erhéichten Temperaturen am Verglach zum pre-industriellen Zaitalter.

Wichteg ass och den Ennerscheed zwëscht Wierder a Klima: Wierder ass de kuerzfristegen Zoustand vun der Atmosphär zu engem gewëssenen Zäitpunkt (Sonn, Reen, Wolleken, Hëtzt, Keelt). Klima ass den Zoustand vun der Atmosphär iwwer eng gewësse Period un Zäit, e bëssen, wéi wann een d’Moyenne vum Wierder géing observéieren.

Dovir ass et schwéier, eenzel Evenementer (zum Beispill eng Hëtztwell oder Bëschbränn) op de Klimawiëssel zreckzeféieren. Réicht, wann sou Phänomener konstant iwwer eng gewëssen Zaitperiod observéiert ginn (generell iwwer 30 Joër), kann ee vun enger Verännerung vum Klima schwätzen.




Wéi "geschitt" de Klimawiëssel?


De primäre Faktor fir d’Temperatur op der Äerd ass d’Sonn : all d’Energie vun der Äerd kënnt primär vun der Sonn. Ongeféier 30% vun de Sonnestrahlen ginn direkt zreckreflectéiert vun der Atmosphär, de Wolleken an der Äerduewerfläch. Déi aner 2/3 ginn vun der Atmosphär (23%) an der Äerduewerfläch (47%) absorbéiert.

Déi Energie, déi vun der Ärduewerfläch absorbéiert gëtt, gëtt erëm zreck an d’Atmosphär reflektéiert. D’Gaser an der Atmosphär (« greenhouse gases » oder « Treibhausgaser ») déterminéieren dann, ob dës Hëtzt zreck Richtung Äerd reflektéiert gëtt (« greenhouse gas effect » oder « Treibhausgaseffekt ») an eis Temperatur beaflosst gëtt, oder Richtung Weltraum.

Hei ass de Kuelendioxid (CO2) e besonneg potente Gas. Méi dozou an der Fro 3.




Firwat gëtt sou vill vu Kuelendioxid (CO2) geschwat a firwat ass den CO2 sou schlëmm?


Waasserdamp ass de Gas, vun deem et am meeschten an der Atmosphär gëtt. Et ass awer de Kuelendioxid (CO2), dee besonnech dovir verantwortlech ass, dass Hëtztstralen zreck op d’Äerd reflektéiert ginn, dëst wéinst senger Wellelängt (12-15 Mikrometer). Domatt mecht en deelweis d' « atmospheric window » zou, duerch déi d’Hëtzt, déi vun der Uewerfläch ausstraalt, normalerweis an de Weltraum géif entkommen.

Den CO2 ass och de mënschegemaachenen Treibhausgas, deen am meeschten an der Atmosphär ass (77% vun den anthropogenen Treibhausgaser), virun Methan (14%) an Nitrous Oxide (8%). CO2 huet och eng Liewensdauer an der Atmosphär vu bis zu e puer Joërhonnerten (Methan : 12 Joër). De Methan ass zwar bis zu 30 mol méi potent wéi den CO2, mee verschwënnt vill éischter aus der Atmosphär. Dowéinst ass den CO2 de schiedlechste Gas : well et ëss am meeschte gëtt a well en esou laang an der Atmosphär bleiwt.




Firwat ass de Mënsch Schold um Klimawiëssel?


Zënter der industrieller Revolutioun, also zënter spéidem 19. Joërhonnert, huet de Mënsch ugefaang, fossil Brennstoffer (fir d’éischt Kuel, duerno Ueleg an Gas) z’extrahéieren an an Dampmaschinnen ze verbrennen. Déi Industriell Revolutioun war e wichtege Wendepunkt an der Geschicht an huet d’Gesellschaft vun enger Agrar- an Handwierkeconomie zu enger Economie dominéiert vun Industrie a Maschinneproduktioun. Dës Epoch wor fundamental, fir eise Liewensstandard vun haut z’erreechen.

D’Verbrennung vu fossilen Energien huet awer een negative Nieweneffekt : d’Fräisetzung vu Kuelendioxid (CO2) an der Atmosphär. D’Akkumulation vum CO2 an der Atmosphär ass verantwortlech fir den Treibhausgaseffekt an d’global Äerderwäermung.

Och wa verschidde Faktoren déi industriell Revolutioun virbestanen hunn an op natierlech Prozesser zreckzeféiren sinn, sinn sech 97-100% vun aktiv publizéierende Klimawëssenschaftler eenz, dass de Mënsch d’global Äerderwäermung an de Klimawiessel verursaacht. Dëst ass och d’Positioun vu féirenden, nationalen an internationale Wëssenschaftsorganisatiounen an de Vereente Nationen, USA abegraff.




Wou kënnt den CO2 hier?


Den CO2 ass en Energieproblem. Global kënnt e bësse méi wéi d'Halschent vum CO2 weltwäit vun der Elektrizitéit an der Hëtztproduktioun, dëst wëll Fossil Energien ewéi Kuel, Gas oder Ueleg verbrannt ginn, fir fir d’éischt an Damp an ultimativ an Elektrizitéit oder Hëtzt emgewandelt ze ginn. Transport- an Fabrikatiounsindustrie droën allebéid ongeféier 20 Prozent bäi; Wunn-, kommerziell an ëffentlech Déngschtleeschtunge ëm 10 Prozent an verschidden aner Secteuren nach emol 1 bis 2 Prozent jeweils.

D’Landwirtschaft, oder méi prézis d’Haltung vu Béischter, ass och nach e wichtegen Faktor, deen zum Klimawiessel bäidréit – dëst aus zwee Grënn: éischtens, ass d’Verdauung vun de Béischter eng Quell fir den Ausstouss vu Methan, an zweetens, ass d’industriell Déierenhaltung och responsabel fir Deforesatioun a Länner ewéi Brasilien, fir Fudder unzebauen (zum Beispill Soja) oder awer och als Fläch fir d’Béischter ze halen.




Ween émettéiert am meeschten CO2?


China ass global dat Land matt de meeschten Emissounen (27%). Nordamerika - dominéiert vun den USA - ass den zweetgréissten Regionalemitter bei 18% vun de weltwäite Emissiounen. Och wa keen eenzelt EU Land fir dabäi, sou kënnt Europa awer als Unioun op eng drëtte Plaatz matt 10% vun den Emissiounen. Aviatioun a Schëffstransport gi kengem Land zougeschriwwen (well weder d’Land vum Départ nach der Arrivée d’Emissioune well ugerechent kréien) a si responsabel fir zirka 4%. Afrika a Südamerika si béid zimmlech kleng Emittoren matt 3-4% vun de weltwäiten Emissiounen.

Wann ee sech d’Länner ukukkt, déi historesch am meeschten CO2 ausgestouss hunn, sou hunn d’USA bis elo méi CO2 ausgeliwwert wéi all anert Land (25% vun den historeschen Emissiounen – dat ass zweemol méi wéi China - dem momentan gréisste Pollueuer). D’28 Länner vun der Europäescher Unioun (EU-28) kënnt hei op 22%.

Wann een de Bilan vun de globale Firmae mecht, sou gëtt geschat, dass 20 Firmaen fir 35% vun de globalen, historeschen Emissioune responsabel sinn, oder 100 Firmaen fir 71%.




Wéi gëtt den CO2 Austouss gemooss?


CO2 Emissiounen ginn normalerweis op Basis vun der nationaler “Produktioun” gemooss, also baséierend dorop, wéivill CO2 duech d’Verbrennung vu fossilen Energien effektiv am Land produzéiert gëtt. Dës Method gëtt benotzt wann Länner hir Emissiounen mellen, an Ziler domestesch an international setzen. Hei gëtt den CO2 Ausstouss oft an Tonne gemooss.

Zousätzlech zu der Produktiounsbasis gëtt et och eng Method, déi um Verbrauch baséiert, dat heescht déi op nationalem Terrain fiktiv verbraucht ginn. Sou geng zum Beispill e Smartphone, deen a China produzéiert gouf an an Europa verkaf gouf, Europa zougerechent ginn. Genausou géif Benzin, deen a Lëtzebuerg verkaf gëtt an a Frankräich verbraucht gëtt, do zougerechent ginn. Verbrauchsbaséiert Emissioune reflektéieren de Konsum an de Liewensstil vu Bierger an engem Land.

Nieft dese, komptable Methoden, fir déi déi eenzel Länner responsabel sinn, ginn et Honnerte vu Wierdersstatiounen weltwäit, déi d’Konzentratioun vun CO2 an der Loft moossen. Déi Statioun, déi am meeschten zitéiert gëtt an oft als global Referenz gëlt, steet zu Mauna Loa. Mauna Loa ass wäit genuch vun all Kontinent ewech, fir net duech Schwankunge beaflosst ze ginn an d'Loft do gëllt als gudden Duerchschnëtt fir den zentrale Pazifik. Hei gëtt d'Konzentratioun vun CO2 an der Atmosphär a “parts per million” (ppm) gerechent. 2019 goufe Konzentratioune vun iwwer 410 ppm an der Atmosphär gemooss.




Wat ass d'Klimazil vun 1.5°C Äererwiermung?


De Klimaaccord vu Paräis sëtzt als globalt Zil, d’Äerderwiermung op 1.5°C par rapport zum pré-industriellen Zaitalter ze limitéieren. Dëst kléngt no net vill, an ass och vu Wëssenschaftler als Limit festgehal ginn, wou d'Impakter vum Klimawiëssel wou déi mannste natirlech Systemer en "tipping point" oder e "point of no return" erreechen, heescht: wa mir d'Äerderwiermung net op 1.5°C limitéieren, dann huet dëst dramatesch Konsequenzen fir eise Planéit.

Ënner 1.5°C bleiwen heescht och net, dass mir eise Planéit "gerett" hunn. Haut huet de Klimawiëssel scho Konsequenzen [méi dozou an der Fro iwwer d'Konsequenzen]. Et muss een d'1.5°C Limit als Indikator - oder als Balance - gesinn, wou vill Konsequenzen vum Klimawiëssel vun destruktiv op katastrofesch ginn. Et ass d'Zeechen op der Dier, hannert deer sech eppes donkeles verstoppt an hannert déi een net kukke well.

Haut huet d'Mënschheet de Planéit schon em 1-1.2°C erhëtzt. D’global Temperatur ass an direkter Relatioun mam CO2: wat d’Mënschheet méi CO2 austéisst, wat de Planéit méi warm gëtt. D'Konzentratioun vun CO2 an der Atmosphär gëtt a “parts per million” (ppm) gerechent. 2019 goufe Konzentratioune vun iwwer 410 ppm an der Atmosphär gemooss, wärend d’Temperatur dat Joër schätzungsweis bei 1-1.2°C iwwer dem préindustriellen Zaitalter loung.




Den Ënnerscheed zwëscht 1.5°C an 2°C Erwiermung ass dach net grouss … firwat ass dat schlëmm ?


0.5°C klengt no net vill – an awer kéint dëst e risegen Effekt hunn. Sou verléiere schätzungsweis 10 Millioune manner Lait hiert doheem, 2 Millioune Quadratkilometer manner Permafrost wäert schmëlzen (an domatt manner Methan) a 23% manner Lait wäerten extremen Hëtztwellen ausgesat sinn. E Résumé op dësem Infograph.

Et ass souwisou nach ze fréi, fir ze soën, wéi sech déi momentan Äerderwiermung 1.0°C op de Planéit auswiekt. Et goufen zwar eenzel, verstäerkt Wierdereventer festgestallt, ma mussen dës awer iwwer en Zäitraum vun e puer Joër analyséiert ginn. Wann een awer d’Frequenz an d’Intensitéit vu Klima- a Wierderextremen zënter 1950 kukkt, sou sinn dës bei nëmmen 0.5°C scho méi schlëmm ginn. Et ginn awer Klimamodeller, déi op base vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser an historeschen Observatiounen den zukünftegen Zoustand vum Planéit probéieren, virauszesoen.




Wat sinn d’global Konsequenze vum Klimawiëssel?


De Planéit ass ewell 1.0°C méi waarm, wéi zu pré-industriellen Zaiten, an e puer Effekter si schon dokumentéiert ginn: d'Äis schmëlzt weltwäit, besonnesch op de Polen – an e groussen Deel vum geschmolzenen Äis dréit zur Erhéijung vum Mieresspigel bäi. Nidderschlag (Reen a Schnéifall) ass weltwäit eropgaang – a gläichzäiteg erliewen vereenzelt Regiounen méi schwéier Dréchenten, déi d’Risikoe vu Bëschbränn an Drénkwaassermangel erhéijen. Méi extrem Wierdereventer a Verschiebungen vun dësen Eventer goufen enregistréiert, esou zum Beispill den ëstlechsten je gemoossenen Hurrikan “Orphelia” vun 2017, dee souguer Europa erreecht huet. Den erhéijte Risiko vun de rezente Bëschfeier an Australien gouf zum Beispill scho vrun 11 Joër ugekënnegt.

Experte schätzen, dass Hurrikaner an aner Wierderextremer méi stark ginn a méi regelméisseg geschéie wäerten. Iwwerschwemmungen an Dréchenten wäerten méi heefeg ginn. Manner Waasser wäert verfügbar sinn, well Gletscher schmëlzen an dës ongeféier ¾ vum Séisswaasser vun der Welt späicheren. E puer Hëtzt-gedroë Krankheeten wäerte sech méi séier verbreeden, sou wéi Moschito-gebuerene Malaria.

Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller, wéi de Klimawiëssel d’Mënschheet treffe wäert.




Firwat ass de Klimawiëssel sou emstridden?


Obwuel sech d’Wëssenschaftler eenz sinn, dass de Klimawiessel geschitt an dass de Mënsch Schold drun ass, sou suergt de Klimawiëssel awer fir Differenzen an der Gesellschaft.

De Changement zu erneierbaren Energien gëtt och oft matt enger Transformatioun verbonnen, un dene ganz Industrien hänken (zumols Kuel a Petrol, ma awer och d’Autosindustrie zum Besipill). Dës Industrien beschäftegen honnertdausende Lait, déi ennert der Angscht schaffen hieren Job ze verléieren, sollten d’erneierbar Energien Iwwerhand huelen. Dësen Dialog gëtt dann oft vu Politiker benotzt (zum Beispill dem Trump an den USA oder dem Morrison an Australien) fir national Industrien ze schützen, an domatt Wieler ze gewannen. Gläichermoossen hunn dës Industrien och staark Lobbyen a räich Ennerstëtzer, déi probéieren, d’ëffentlech Meenung zu hierem Avantage ze beaflossen.

Eng aner Differenz ass zwëscht räich an aarm. Déi global, historesch Emitter ewéi Europa hunn hieren héige Liewensstandard dank der Verbrennung vu fossilen Energien errecht. Lo sinn et oft dës Emitter, déi et manner développéierte Länner verbidde wëllen, fossil Energien zu verbrennen. Dës Länner gesinn doran hier Entwecklung negativ beaflosst, well si berechtegterweis de selwechte Standard wëllen erreechen a fäerten, dëst wier just matt fossilen Energie méiglech.




Wéi eng Léisungen ginn et, fir de Klimawiëssel ze bekämpfen?


Fir d’global Temperaturen ze stabiliséieren, mussen d'global Emissiounen net-null erreechen an do bleiwen. Dat bedeit, dass d’Emissiounen esou vill wéi méiglech an esou schnell wéi méiglech gekierzt musse ginn. Wéini dëst sollt erreecht ginn, do ass d'Politik sech nach net eenz - ma deit villes op 2050 hin.

Fir op null Emissiounen ze kommen, muss d’Mënschheet vun engem fossilen op en erneierbaren Energiesystem wiesselen an energieffizient wirtschaften, an dëst am bäschten nach an dësem Joerzengt.

Sollt et net an deem Zäitraum gelengen, d’global Emissiounen op null ze senken, wäerte sou genannten « Negativ Emissiounstechnologien » missen agesat sinn, fir den CO2 rem opzefänken, deen ze vill ausgestouss gouf. Idealerweis wier dëst enner natirlecher Form duech Beemplanzen, wou schätzungsweis eng Fläch matt der Gréisst vun Indien bis Russland misst vollgeplanzt ginn, fir d’Erwiermung ze bremsen. Et gëtt awer och un technologesche Fortschrëtter geschafft, wéi zum Beispill CO2 Filteren, déi CO2 aus der Loft sauge kënnen. Dës Solutiounen sinn awer nach deier an nach wéineg erfuerscht.

Déi drëtt Méiglechkeet besteet dran, kënschtlech um Sonnesystem ze spillen. Sou reduzéiert zum Beispill eng Vulkanexplosioun, an deeër Damp fräigesat gëtt a Sonnestralen reflektéiert ginn, d’global Temperatur ëm puer grad fir eng kuerz Period un Zait. Fuerscheren op globale renomméierten Universitéiten, ewéi zum Beispill Harvard, schaffen u sougenannten Aerosols, déi Partiklen an d’Stratosphär genge schéissen fir Sonnestralen ze reflektéieren an sou d’Temperatur ze senken. Dës Léisunge sinn awer héich emstridden an ginn och seelen a wëssenschaftleche Rapporten ernimmt.




Wéi ee Rôle spillt Lëtzebuerg an dëser Problematik?


Lëtzebuerg ass global insignifikativ, ma mer eis national Emissiounen matt anere Länner vergläichen. Sou hätt eng Reduktioun vun eisen nationalen Emissiounen global nëmmen e limitéierten Effekt. Lëtzebuerg ass awer an anere Beräicher ganz aflossräich a kann do Saachen an d'Gäng leeden; zum Beispill si mir déi zweetgréisste Fongenatioun op der Welt. Hei hätt Lëtzebuerg d'Méiglechkeet, sech als grenge Leader ze etabléieren an esou global signifikativen Impakt ze hunn an deem een d'Fongen zu méi Transparenz a konkreten Aktioune geng opfuerderen.




Wat sinn d'Konsequenze vum Klimawiëssel zu Lëtzebuerg?


Lëtzebuerg wäert och vu méi Wierderextremer, Hëtztwellen an aner Eventer getraff ginn. Sou hate mir zum Beispill am August 2019 en Tornado, wéi e vidrun nach ni gemooss gouf an deen e versecherte Schued vun ëm 100 Milliounen Euro veruersaacht huet, an dëst an engem Emkrees vun nëmmen e puer Kilometer. Och wann et schwiereg ass, dëst eenzelt Event als Folg vum Klimawiessel ze deklaréieren - sou Eventer kommen halt vir - wäerten dës Eventer sech an der Frequenz an an der Strengt erhéijen. En anert Beispill kënne Rekordhëtzte sinn. Sou huet zum Beispill eng Hëtztwell a Frankräich 2019 iwwer 1500 Doudeger gefuerdert - d'Rekordhëtztwell vun 2003 a Frankräich souguer iwwer 19000 Doudeger. Lo ginn et keng Statistiken fir Hëtztwellen zu Lëtzebuerg - d'Experten si sech allerdengs eenz, dass och Hëtztwellen sech an der Frequenz an an der Strengt erhéijen. Dëst si just zwee vu ville Beispiller, wéi Lëtzebuerg getraff wäert ginn.




Wat geschitt, wa mir den CO2 Austouss net reduzéieren?


Wann den CO2 net reduzéiert gëtt, ass d'Äerderwärmung op enger Trajectoire, sech bis 2100 bis zu 5°C ze erhéijen. 1.5°C kéinten da schon em 2030 erreecht ginn. No 2100 wier dann och net Schluss, et geng nach vill méi waarm ginn. 5°C Äerderwiermung wier glaichbedeitend matt éiwegen Hëtzewellen, schwéieren Dréchenten, a grousse Iwwerschwemmungen a ville Regiounen. Dëst hu serieux an dauerhaft Auswierkungen op mënschlech Systemer an Ökosystemer, ewéi zum Beispill erhéicht Risiken fir d'Liewensmëttelproduktioun, wesentlech verschäerft Waasserknappheet a ville Regioun, erhéicht Frequenz vun héichintensiver tropescher Zyklonen oder irreversible Verloscht vun der Biodiversitéit. Eng global Temperaturdifferenz vu 5°C ass no bei der Differenz zwëscht den Temperaturen vun deem haitegen Dag an deene vun der läschter Äiszäit - just dass déi aktuell Ännerung iwwer ee Joerhonnert amgaang ass ze geschéien, an net e puer Joerdausenden.




Wéivill CO2 dierf d’Mënschheet nach ausstoussen, bis dass 1.5°C erreecht sinn?


D’Temperatur steet an direkter Relatioun mam CO2: wat d’Mënschheet méi CO2 austéisst, wat de Planéit méi warm gëtt. Wann een d’Relatioun zwëscht Temperatur a Klimawiessel kukkt, sou si 430ppm gläichbedeitend matt enger Erwiermung vun 1.5°C (oder 450ppm matt 2°C).

Wann d’Mënschheet weider am Rhythmus vun haut fossil Energien verbrennt an sou d’Konzentratioun vun CO2 an der Atmosphär em 2-3ppm pro Joër erhéicht, sou bleiwt der Menschheet nach zirka 8-10 Joër, bis mir bei 1.5°C Erwiermung ukomm sinn (16-20 Joër fir 2°C Erwäermung). Et ass awer hechst onwaarscheinlech, dass an deer Zait d’global Emissiounen op null wäerte falen.