top of page

"CO2 kompenséieren" - wat ass dat a wéi geet dat?

Updated: Aug 13, 2021

Perséinlech Umiekung: mäi Blog huet de 5. Februar 1 Joër gefeiert – ech soën Iech merci fir Äer Ënnerstëtzung, Kommentarer, Engagementer a Feedback. Et wor eng super Rees bis ewell an ech hoffen dass et nach laang weider geet !

 
  • D'CO2 Kompensatioun - oder: negativ Emissiounstechnologien - sinn en essentiellen Pilier, fir d'Äerderwärmung op manner ewéi 1.5°C ze limitéieren.

  • Et ginn haut scho vill Méiglechkeeten, fir CO2 ze kompenséieren. Et gi vill gutt Projeten, déi akzessibel fir Privatlait sinn, mee och Limitten hunn.

  • Vill Projeten sinn haut scho rentabel. Iwwer d'Dauer muss den CO2 Präis awer ropgoën, fir dass nach méi Projeten lukrativ sinn.

 

Et ass onbestridden, dass eise Planéit sech erhëtzt. 2020 wor dat zweetwärmste Joër, dat je gemooss ginn ass. Iwwerhaapt goufen 9 vun den 10 wäermste Joëren zënter 2010 opgezeechent. D’Temperaturen si mëttlerweil 1.2°C iwwer dem Duechschnëttswäert zënter 1880. D'Zil vum Paräisser Klimaaccord vun 1.5°C gëtt bei der aktueller Trajectoire wuel schon 2028 erreecht.


Dës Temperaturerhéijungen hu fatal Konsequenzen: méi extrem Wierdereventer, méi Hëtztwellen, méi stabil Wierderlagen ... Och wa vereenzelt Wierdereventer, wéi d'Iwwerschwemmungen duech Staarkreen am Mëllerdall [2018], den Tornado am Süde vum Land [2019] oder déi extrem waarm Summeren aus de läschte Joëren, just schwéier op de Klimawandel zreckzeféieren sinn [wëll, vereinfacht ausgedreckt: Klima ass d'Zomm vum Wierder iwwer d'Zäit], sou wäerten dës Eventer an der Zomm wuel méi heefeg ginn.

Et sinn och deels apokalyptësch Zoustänn, déi op globalem Plang virausgesot ginn an déi virun allem manner fortunéiert a vulnérabel Populatiounen treffe wäerten. Sou wäerten et Milliounen u Klimaflüchtlinge ginn, wëll hiere Liewensraum onbewunnbar gëtt, oder et wäerte Versorgungsengpäss matt essentielle Resourcen ginn.


Et gëtt awer och Hoffnung, wëll et ass nach Zäit, de Problem ze léisen: matt erneierbaren Energien sinn d'Technologie scho prett, fir d‘Décarbonisatioun vun dem ekonomesche System nohalteg ze gestalten. Allerdengs dauert et matt der aktueller Vitesse vun der Emsetzung wuel nach Joërzengten, bis dës Energien a grouss genucher Kapazitéit verfügbar sinn.


Dowéinst muss een och op Technologien zreckgräifen fir den CO2 ze kompenséieren. Dës sinn integralen Deel vun de Projectiounen vum International Panel of Climate Change [IPCC] a se sinn essentiell (!) fir eis Emissiounen erofzedrecken. Besonnech Opmieksamkeet huet dese Segment rezent duech den Tweet vum Elon Musk krut. De Grënner vun Tesla géiw $100M un déi bäscht Technologie spenden, déi CO2 späichert.

Jiddferee schwätzt vun CO2 – mee firwat ass dat e Problem?


E klenge Crashcourse als éischt iwwer de Prinzip vum Treibhausgaseffekt.


De Planéit gëtt vun der Sonn erhëtzt – méi prezis vun de Sonnestrahlen. D’Sonn strahlt op d’Äerd a kuerzwelleger Strahlung. Dovu ginn ongeféier 30% direkt vun de Wolleken an der Surface zeréck reflektéier. Vun de verbleiwende 70% gi 50% vun der Surface absorbéiert an 20% vun der Atmosphär.


Nodeems d’Hëtzt vun der Surface absorbéiert gouff, gëtt dës a Form vu laangwelleger Strahlung rem zreck an d‘Atmosphär reflektéiert. An der Atmosphär sinn dann Treibhausgaser, déi dës Hëtzt „fänken“ an domatt de Planéit waarm halen. Dat nennt een den Treibhausgaseffekt.


Dësen Effekt ass am Prinzip gutt : ouni Treibhausgaseffekt wieren et nämlech -15°C op eisem Planéit. Zënter dem Mënsch seng Aktivitéiten awer konstant méi Treibhausgaser ausstousen, haaptsächlech ënner Form vun CO2 a Methan, ginn et méi deeër Gaser an der Atmosphär an de Planéit gëtt méi waarm [ech benotzen ab elo dat Wuert "CO2" fir all Zocht vun Treibhausgaser ze erwähnen, fir ze vereinfachen. CO2 ass matt 74% den dominantestesten, mënschegemaachtenen Treibhaugas. Aner Treibhausgaser ewéi Methan kënnen an "CO2 equivalents" emgewandelt ginn anhand vu hierem "global warming potential".].


Dobäi ass den CO2 e besonnesch aggressive Gas. E mecht wuel nëmmen eng Minoritéit vun de Gaser aus, mee en ass besonnech potent wat d’Andämmung vun der Hëtzt ugeet. Den CO2 huet och d’Propriétéit, dass – wann e bis eemol ausgestouss ass – e bis zu puer Joërdausenden an der Atmosphär bleiwt an domatt eis Temperature op laang dauer beaflosst. Ween dese Sujët verdéiwe well, recommandéieren ech dëse Video vum RTL aus der Rubrik PISA de Wëssensmagazin.


Et kann een sech den CO2 och als Kreeslaf virstellen, op englesch: “Carbon Cycle”. Op der enger Säit ginn et Sourcen vun CO2, op der anerer Säit ginn et CO2 Späicheren (am Ozean oder um Land). Haut ass dëse Cycle am Désequiliber: et gi signifikativ méi Emissiounen ausgestouss, wéi gespäichert. Dowéinst kënnt ëmmer méi CO2 an d'Atmosphär, an dowéinst erhëtzt sech eise Planéit kontunuéierlech. An et ass och nach keen Enn a Siicht.


CO2 Kompensatioun - wat ass dat a wéi geet dat?


An engem fréieren Artikel hat ech e déi wichtegst individuell Aktiounen opgeschriwwen, déi een als Persoun kann ënnerhuelen fir den eegenen Ofdrock ze reduzéieren, ewéi de Fleeschkonsum reduzéieren, méi bewosst akafen, konsomméieren an investéieren, méi politischen Drock maachen oder eben den CO2 Ofdrock kompenséieren. Vereinfacht ausgedreckt: et soll ee probéieren, direkt oder indirekt manner CO2 auszestoussen an deen CO2, deen een net reduzéiere kann (oder wëll...) soll ee kompenséieren. Bei der Kompensatioun ginn et Projeten, wou CO2 évitéiert gëtt (heescht: dass CO2 iwwerhaapt mol net ausgestouss gëtt) an wou CO2 absorbéiert gëtt (heescht: dass CO2 aus der Atmosphär geholl gëtt).

Éier mer bei d'Kompensatioun kommen, nach eng Umiekung zur CO2 Reduktioun. Wat d'Reduktioun vum CO2 Ausstouss ugeet huet een als Privatpersoun oft wéineg Afloss iwwer seng eegen Entscheedungen ewech: d’Décarboniséierung vum Produktiounssystem ass wuel haaptsächlech matt grenger Energie verbonnen – Wandturbinen, Waasseranlagen, Solarzellen a vlait souguer e bessen nuklear Energie [Thorium]. Als Individuum kann een duech säi Vote bei de Wahlen wuel déi klimafrëndlech Parteien ënnerstëtzen oder matt sengem Portemonnaie klimafrëndlech Produite kafen an a klimarelevant Firmen investéieren. Et huet ee selwer awer wuel wéineg an der Hand fir dës systemesch Problemer ze léisen.

De Sujet vun der CO2 Kompensatioun ass nach manner geleefeg, mee et ass awer en integralen a komplementaren Deel fir d’global Emissiounen erofzedrecken. Do kann een haut als Privatpersoun och schon op e ganze Portfolio u Léisungen zreckgräiffen, déi een ënnerstëtze kann.


Dës Léisungen ginn ënner Form vun CO2 Zertifikater, oder: "Carbon Credits", verkaf. Hei kann een CO2 Emissiounen “kafen”, déi enzwuesch anescht op dem Planéit absorbéiert oder éliminéiert gi sinn.


Et gi verschidden Tippe vu Projeten: (1.) évitéiert Emissiounen duech erneierbar Energie oder (2.) energie-effizient Prozesser, (3.) évitéiert Emissiounen duech méi emweltfrëndlech Technologien, (4.) absorbéiert Emissiounen duech Afforestatioun, Reforestatioun oder verhënnert Deforestatioun, (5.) absorbéiert Emissiounen duech aner naturell Prozesser am Buedem, Algen oder Fiëlsen, a (6.) absorbéiert Emissiounen duech speziell dovir entweckelt Technologie.

Bei den éischten zwou Kategorien muss een sech virstellen, dass erneierbar Energie fossil Energie ersetzt an dass doduech Emissioune éliminéiert ginn. Dat kënnen zum Beispill Wandparke sinn, déi e Kuelewierk ersetzen, oder aner Fäll wou fossil Brennstoffer duech erneierbar Energien ersat ginn. Et kann awer och d'Isolatioun vu Gebaier sinn oder all aner Zocht vun energie-effizienten Pratiken.


Bei der drëtter Kategorie geet et, drëms, duech méi emweltfrëndlech Technologien anerwäerts Emissiounen ze spueren. Ee Beispill hei ass de Recycling vu Plastik, dee vill manner Emissiounen ausstéisst ewéi d’Produktioun vun neiem Plastik. En anert Beispill ass eng Alternativ fir Zement, an deem Zement duech alternativ Prozesser oder Materialien matt wéineg Emissiounen hiergestallt gëtt am Verglach matt de Prozesser vun haut.


De Virdeel vun dësen dräi Kategorien ass, dass se den Ausstouss vun Emissiounen ënnerdrecken an dass d'Technologie scho verfügbar ass. Et wäert awer och Prozesser ginn, déi weider net kënnen komplett décarboniséiert ginn. Dowéinst brauch een dann "carbon removal technologies", oder och nach negativ Emissiounstechnologien. Dës Technologien sinn en zentralen Deel vun de Strategien fir klimaneutral oder -negativ ze ginn, wéi mir spéider wäerte gesinn.

Source: G Svanberg via BBC


Bei der Kategorie Afforestatioun, Reforestatioun oder verhënnert Deforestatioun geet et, wéi den Numm et scho seet, drëms Beem a Bëscher ze planzen oder ze schützen. Hei gëtt d’masse forestière gemooss an analyséiert, em wéivill dës an d’Luucht gaangen ass a wéivill CO2 dat entsprecht, respektiv, wéivill CO2 gespuert ginn ass well Bëscher opkaf oder geschützt gi sinn, déi kuerz vrun der Deforestatioun stoungen. Beem si wuel déi simpelst „Technologie“ fir den CO2 aus der Atmosphär ze kréien, allerdengs sinn si net geschützt virun externen Schädlinger oder Bëschbränn an et huet een och keng absolut Garantie dass de Bësch iwwer Joërzengten do steet.

Bei der nächster Kategorie muss ee sech virstellen, dass naturell Prozesser duech mënschlech Hand beschleunegt ginn. Ech nennen e puer Beispiller: e Bauer benotzt säi Feld fir Saat unzebauen. Wärend d’Planz eruwiisst gëtt dann CO2 am Buedem gespäichert. Wann de Bauer elo de Buedem speziell traitéiert, kann dësen nach méi Carbon ophuelen, ënner Form vu solidem Carbon. Dat selwescht kënnt der iech virstellen matt den Algen, déi e super CO2 Späicher sinn. Sou kéint de Mënsch Algen culitvéieren, déi beim Wuesstum CO2 ophuelen. En anert Beispill si Fiëlsen, déi ee klengschloe kann a matt Produiten traitéiere kann, déi dann och CO2 ophuelen. Dës Léisungen sinn haut nach wéineg erfuerscht a getest, an dowéinst och wéineg accessibel fir de Privatmënsch.

Source: Keleman and Matter, 2008 via NAP


Déi läscht Kategorie ass da wuel déi, déi am opwendegsten an am kapitalintensivsten ass: d’Späicherung vum CO2 duech Technologie, déi vum Mënsch entweckelt ginn ass. Hei ginn et haaptsächlech zwee Prinzipien: den CO2 direkt aus der Loft filteren (ewéi matt der Technologie vu Climeworks), oder awer den CO2 vun enger Emissiounsquell opfänken. Dësen CO2 kann dann ënnerirdesch gespäichert ginn (ewéi Climeworks et matt Carbfix an Island mecht) oder als Rohstoff benotzt ginn fir Produiten z’entweckelen an en esou permanent stockéieren (ewéi zum Beispill de Bracelet vu GoNegative oder Carbon Cure). Dëst ganz Segment ass nach an de Startlächer an ass haut nach immens deier fir de Privatkonsument, matt Käschte vu bis zu puer honnert Euro pro Ton CO2.


Source: Climeworks


Méi en avancéiert Konzept ass dann nach "Bioenergy and Carbon Capture and Storage", (kuerz: BECCS), wou een d'Opfänken vum CO2 direkt un der Emissiounsquell (an dësem Fall eng Energieanlag) matt dem Verbrennen vu Biomass als Brennstoff verbënnt. D'Emissiounen ginn dann direkt no der Verbrennung stockéiert (et geroden also keng Emissiounen an d'Loft), an duech d'Uplanzung vun neie Beem gëtt och rem CO2 absorbéiert. An dësem Zyklus géiw da permanent méi CO2 stockéiert ewéi émettéiert ginn an esou hätt een dann negativ Emissiounen.


Wéi kann ech dann elo mäin CO2 Ofdrock kompenséieren?


Dovir soll ee fir d’éischt emol säin eegenen CO2 Ofdrock kennen. Dëse kann een op Plattformen ewéi South Pole oder MyClimate och ongeféier rechnen. Et kann een awer och d’Moyenne vum Duechschnëttsbierger (zu Lëtzebuerg +/- 15 Tonnen CO2) huelen an sech dorun orientéieren. En erweidert Konzept verlaangt och, dass een als Bierger an engem développéierte Land méi soll kompenséieren, wéi een ausstéisst, wëll dës Länner historesch och vu villen Emissiounen profitéiert hunn. An deem Sënn kann ee gäer roueg méi kompenséieren, ewéi just seng eegen Empreinte.


Plattformen fir ze kompenséieren ginn et der genuch: Wren, Puro Earth, Sustainable Carbon, Cool Effect, South Pole, MyClimate, Atmosfair oder Gold. Bei verschiddene Firmen ewéi Climeworks kënnt dir äeren CO2 Ofdrock och direkt kompenséieren. Dir miekt: et gi genuch Méiglechkeeten !


Dat wichtegst ass dowéinst, dass ee kukkt, ob d’Projeten vun onofhängegen Insituter zertifiéiert sinn. Instituter ewéi Verified Carbon Standard (VCS) oder Gold Standard zertifiéieren nämlech d‘CO2 Erspuernisser vun all Projet.


Limite vun de Carbon Credits


D’Zertifikater schütze verschidde Projeten wuel net vun hieren Nodeeler. Fir just zwee Beispiller ze nennen, kënnen d'Zertifikater keng naturell Eventer ewéi Bëschbränn oder Schädlinge, oder technesch Pannen ewéi e „leak“ am Carbon Storage, verhënneren. Dovir huelen dës Instituter konservativ Hypothesen an hieren Zertifikatiounsprozesser, déi sou negativ Eventer matt arechnen, fir op d’mannst eng gewësse Secherheet ze hunn, dass d’Emissiounen dauerhaft kompenséiert sinn. Trotzdem bleiwe verschidde Projete kontrovers - wëll et iwwer de long term wuel keng absolut Assurance gëtt, dass d'Emissioune kompenséiert bleiwen.


Dës Zertifiéierung involvéiert natirlech Käschten, déi am Zertifikat matt abegraff sinn a matt verrechent ginn. Wien also zum Beispill léiwer e Bam planzt fir e Brochdeel vum Präis – am Gaart oder iwwer Organisatiounen ewéi reforestaction oder MyTree – kann dat gäere maachen. De geplanztene Bam brauch awer och 20 Joër, bis en eng Tonn absorbéiert huet, wou beim CO2 Zertifikat d'Kompensatioun direkt ass.


Verschidde Projeten sinn haut och ekonomesch onattraktiv. De Präis vun enger Tonn CO2 läit nach ënner 35 EUR, mee vill Projeten hunn nach däitlech méi héich Käschten. D’CO2 Filtratioun aus der Loft zum Beispill kascht haut em déi 500-600 EUR pro Tonn, a kënnt laangfristeg wuel just op em 75-100 EUR pro Tonn erof. Verschidde Projeten bleiwen also ekonomesch onattraktiv, wann net méi en héijen CO2 Präis, zum Beispill duech eng Steier, oder aner Méiglechkeeten, den CO2 ze valoriséieren, geschaf gëtt.


D'Majoritéit vun de Klimaszenarien rechnen matt negativen Emissiounstechnologien


Och wann d’CO2 Zertifikater e kontroverst Thema sinn, bleiwt ofschléissend unzemierken, dass ouni CO2 Kompensatioun (oder: „negativ Emissiounstechnologien“) d’Temperaturobjektiver net ze erreeche sinn. Den CO2 Budget, deen d’Mënschheet nach verbrauche kann, bis d‘1.5°C Limit vu Paräis erreecht ass, leeft schon 2028-32 aus.


Dueno liewe mir op Kredit vun zukünftegen Innovatiounen. 2050 wëllen da vill Natiounen CO2 neutral sinn, an no 2050 sollen da global méi Emissiounen absorbéiert ewéi émettéiert ginn. Sou rechnen d'Majoritéit vun de Klimaszenarien vun der IPCC matt enger signifikativer Kontributioun vun negativen Emissiounstechnologien, fir d’Temperaturzil ze ereechen, oft matt komplexer Technologie, déi et nach ze entweckele gëllt. D’Equatioun geet also nëmmen op, wann dës Technologien entweckelt ginn.

Source: UNEP via ChemistryWorld


Dat einfachst wier wuel, eng Fläch sou grouss ewéi d'USA matt Beem ze beplanzen, an de Klimaproblem wier geléist.


Mee et ass, ewéi sou oft, net einfach. A suivre ...

 

Wéi Ufanks erwähnt, ass mäi Blog den 5. Februar 1 Joër al ginn. Ech soe jiddferengem merci fir d'Ënnerstëtzung, Kommentarer, Engagementer a Feedback. Et wor eng super Rees bis ewell an ech hoffen, dass et nach laang weider geet !

 

329 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page