top of page

6 Klima-Virsätz fir all Mënsch

Updated: Oct 18, 2020

Pragmatesch Usätz fir nom Confinement.


Ab dem 11. Mee 2020 ass déi nächst Phase vum Deconfinement zu Lëtzebuerg ugaang: d’Commerce gi rem op an et kann een och erem e bëssen ënner d’Lait goën. En Datum fir d’Re-Ouverture vun de Restauranten ass nach net bekannt, mee fest steet awer : Lëtzebuerg kënnt rem lues an d’Rullen.


Jiddferee vun eis freet sech rëm op e bessen Normalitéit an e Liëwen ewéi virdrun. Mee wat heescht „normal“, a wëlle mir zreck op „virdrun“? D’Phase vum Confinement huet d’Lait zum Nodenke bruecht, wat fir en Impakt dem Mënsch säi Wirtschaften a säi Konsum op de Planéit huet. D’CO2 Konzentratioun an der Atmosphär geet nämlech weider an d’Luucht fir 2020, trotz COVID. Wann de Mënsch weider CO2 am Rhytmus vu viru Corona ausstéisst, wäert sech eise Planéit scho bis 2028-30 em 1,5°C erhëtzen – dat ass d’Limit vum Paräisser Klimavertrag.


Firwat also net matt e puer gudde Virsätz an d’Phase vum Deconfinement ze starten?

[Source: Brenna Quinlan]


Fir eng Idee ze hunn, wat “vill” oder wat “wéineg“ ass, geheie mer kuerz e Bleck op den CO2 Ofdrock pro Awunner: den Duechschnëttslëtzebuerger stéisst 20 Tonnen CO2 op de Kapp pro Joër aus [hei kéint een den Tanktourismus eraus- an d'"Trade-Emissions" dabei rechnen]. Am Verglach: den europäeschen Duechschnëtt sinn 8,8 Tonnen. Fir eis Klimaziler ze erreechen misste mer laut dem Paräisser Klima-Accord bis 2050 op 2 Tonne kommen a laangfristeg mussen déi Emissiounen erof op NULL.


Wat kann ee maachen, fir den CO2 Ofdrock op de Planéit ze verrengeren? Manner Fleesch, manner Fléien oder manner konsomméieren hutt dir schon héieren – mee wéivill Effekt huet dat op den CO2 Ofdrock? Ech verroden iech heidrënner 6 Tipps, wéi dir äeren CO2 Impakt op de Planéit reduzéiere kënnt an domatt äeren Deel zu enger méi klima-frëndlecher Welt bäidroë kënnt.

[Data Source, uewen: Eurostat; Graph Source, ënnen: Däitschen Emweltministère - BMU]


1. Switchen: vu rout op wäisst Fleesch oder Fësch, oder ganz op Planzen?


Vill vun iech wesse wuel, dass de Fleeschkonsum net gutt fir d’Emwelt ass. Ech wëll dat eng Kéier an Zuelen iwwersetzen, virun allem op d’rout Fleesch bezunn.


De Lëtzebuerger ësst ongeféier 30 kg rout Fleesch pro Joër – dat si ronn 600 Gramm pro Woch. 75% vun de Lëtzebuerger sinn iwwerzeegte Fleeschéisser. E Rand brauch 25 Kilo Fudder, fir ee Kilo Fleesch ze produzéieren. Genausou verwandelen si nëmmen 2% vun de Kalorien aus dem Fudder a Kalorien am Fleesch. En enormen Opwand also, fir e minimalen Ertrag un Nierwierter fir de Mënsch.


Fir dësen enorme Pensum ze bewältegen, gëtt e Groussdeel vun de Béischter matt Soja gefiddert. Lëtzebuerg importéiert zirka 15.000 – 25.000 Tonne pro Joër fir landwirtschaftlech Zwecker. Bekanntlech ass Soja kontrovers: éischtens, wëll et zu Deforestatioun a Südamerika bäidréit an zweetens, wëll et oft genetesch manipuléiert ass [bis zu 75% vun den Importer zu Lëtzebuerg bis 2017].


Dës Ineffizienzen loosse sech all an eng CO2 Figur iwwersetzen: ee Kilo Fleesch vum Rand stéisst zwëscht 40 a 60 kg CO2e aus. D’Zuele fir Poulet, Schwäin a Fësch sinn zwar méi favorabel (zwëscht 3 a 7 kg CO2 pro kg Fleesch), well dës Déieren keng Wiederkäuer sinn am méi en effizienten "Feed Conversion Ratio" hunn, mee och si hunn e groussen Impact op de Planéit. Planzlech Produiten si meeschtens nëmmen e Brochdeel vum Fleesch matt Wäerter zwëscht 0,3 an 2kg CO2 pro kg produit.

[Source: OurWorldinData via tmorrow – matt edits]


Ween also ee Biffdeck oder een Hamburger vun 250 Gramm manner d’Woch ësst an dëse matt wäissem Fleesch oder Fësch ersetzt, spuert op ee Joër bis zu 0,7 Tonnen CO2 [oder 0,8 Tonnen duech planzech Substiuter]. Ee Schrëtt méi wäit kann ee goën, andeems ee ganz op rout Fleesch verzicht: matt engem radikale Switch vu roudem zu wäissem Fleesch oder Fësch spuert ee bis zu 1,6 Tonnen CO2, matt engem ganz vegetaresche Régime bis zu 1,7 Tonnen CO2 a matt engem vegane Régime souguer bis zu 2 Tonnen CO2 pro Joer.


Firwat also net e veganen Dag, eng vegan Woch oder e vegetaresche Mount aféieren?


2. Auto a Fliger: sech méi klimabewosst fortbeweegen


Och dës Floskel hutt dir schon oft héieren: et soll ee méi de Bus huelen a manner mam Fliger fléien. Och hei lount sech e Bleck op d’Zuelen: E Bierger, deen 12.000 km am Joër fiert stéisst ronn 2,4 Tonnen CO2 aus just duech d’Ofgaser vum Auto. E Weekend-Ausfluch Fluch op London an zreck stéisst ronn 0,3 Tonnen aus an een Intercontinental Fluch an der Economy Class op New York an zreck ronn 3 Tonnen [aller-retour].


Wann dir den Auto stoë loosst, a mam Bus fuert, kënnt dir äer Emissiounen em 1,8 Tonne reduzéieren, also ronn dräi véirel [virausgesat, dass de Bus uedentlech besat ass...]. Wann dir déi 12.000km mam Elektroauto amplaatz mam Bensiner fuert, kënnt dir d’Emissiounen em ongeféier ee Véirel senken, also em 0,6 Tonnen [den Elektroauto ass och NET emissiounsfräi an d’Erspuernisser hänke vum Modell of]. De Confinement huet och gewisen, dass 1-2 Deeg Télétravail pro Woch wuel an Zukunft maachbar sinn, wat sech och positiv op den CO2 Ofdrock auswierkt.


Firwat also net méi oft emklammen?


De Fluchverkéier gëtt oft ugeprangert als Klimasünder Nummer eent. Natirlech ass d’Fléien op den individuellen Ofdrock gekukkt e risege Posten an et dréit een e groussen Deel zum Klimaschutz bäi wann ee manner flitt. Et ass awer nëmmen e priviligéierten Deel vun der Gesellschaft, deen dëst Fortbeweegungsmëttel regelméisseg notzt: an der EU komme 43% vun den Emissiounen aus dem privaten Autoverkéier (Fluchverkéier: nëmmen 13%).

[Source: Europaparlament]


Nichtsdestotrotz, an och wann d’Euphorie fir eng Rees sech dëse Summer a Grenzen hällt matt der aktueller Virussituatioun an et dowéinst wuel réicht e Virsaatz fir déi next Joëren ass: ween op säi jährlechen intercontinentale Fluch an der Economy Class verzicht, dee spuert zum Beispill 3 Tonnen fir e Fluch op New York oder 8 Tonne fir e Fluch op Sydney.


Vakanz doheem oder an Europa? Sounds good !


3. KONSUM: méi bewosst konsomméieren


En neit Kleed fir eng Soirée (iwwer den Internet oder aus dem Bram) – eemol ugedoën an niméi ugekukkt. En neien iPhone, wëll, jo... et ass den neien iPhone. Séier an de Saturn wëll déi al Telé geet jo neméi. Kënnt iech bekannt vir? D’Textil an Elekronik Produiten sinn hautzudags en masse verfügbar an och oft fir keng allzedeier Präisser ze kréien.


Den Duechschnëttsbierger keeft zwëscht 30 a 50 Kleeder pro Joër a veruersaacht domatt 0,6 Tonnen CO2. Genausou veruersaachen 1000 Euro an IT Equippement, Smartphones oder Teléen zwëscht 0,3 an 0,5 Tonnen CO2. Déi ganz Konsommatioun [all physesche Produit inclus] ka bis zu 38% vum Ofdrock ausmaachen, oder 3 – 6 Tonnen CO2 pro Joër.


An dësem Domaine ginn et zwou Méiglechkeeten: déi éischt läit indirekt an der Hand vum Konsument, andeems e sech informéiert an aktiv e Choix fir emweltbewosst Produite mecht a seng Suën neméi an déi Produite stecht, déi en net ënnerstëtzt a sech aktiv no Alternativen emkukkt. Dat kann d’Jackett aus recycléiertem Plastik amplaatz vun normalem Platik sinn oder de Fairphone amplaatz vum iPhone. Leider sinn déi emweltfrëndlech Produiten oft net um Niveau vun der Performance wéi déi konventionell Produiten [Anekdote: Ech hu scho villes getest, an net alles konnt mech iwwerzeegen] a kënnen déi breed Mass net vu sech iwwerzeegen.

[Source: Ecoalf]


Eng zweet Optioun ass fräi nom „Reuse“ Modell: et kann ee seng festiv Kleeder natirlech méi wéi eemol undoën an och eng al Garderob ka sech wéi eng nei uspieren. Ausserdeem kann ee Kleeder am 2nd Hand kafen oder, fir eenzel Evenementer, op Portaler oder aus Geschäfter ausléinen a rem zreck ginn. Natirlech hu vill Konsumenten do bedenken iwwer d’Hygiene an d’Qualitéit, mee matt modernen, spezialiséierte Firmen an dësem Domaine sinn déi Problemer besser ginn. Och fir d‘Elektronik ginn et 2nd Hand Plattformen ewéi Backmarket oder rebuy.de, déi al Elektronik ofkafen, op Qualitéit checken a reparéieren an da weider verkafen – matt Garantie !


Firwat also net méi bewosst konsomméieren? Et muss jo net ëmmer den neisten Trend sinn.


Ech well op dëser Plaatz och nach emol mam Mythos „Lokal“ a „Packaging“ opraumen: lokal ass wuel wichteg fir d‘Ekonomie ze ënnerstëtzen an dréit och e minimalen Deel zum Klimaschutz bäi. Allerdengs bestinn nëmmen 5-15% vun engem Produit sengen Emissioun aus den Transportemissiounen ! Och d’Plastikstuut hannerléisst wuel vill Dreck am Ozean, mee ass vun enger Klimaperspektiv wuel net méi schiedlech wéi méi nohalteg Alternative [dës sinn awer natirlech besser aus anere Grënn, ewéi zum Beispill fir d‘Biodiverstéit oder fir d’Ecosystemer ze schützen]. Och wa „lokal“ a „kee Plastik“ mëttlerweil gutt an eise Käpp raisonnéiert [an et ass och besser ewéi guer net opzepassen!], lount et sech aus Siicht vum Klima méi, op emweltfrëndlech Materialien oder Hierstellungsweisen vun de Produiten ze kukken, ewéi op d’Originn oder d‘Verpakung.

[Data Source: Apple]


4. Haushalt: klima-frëndlech Investissementer maachen


Am Stoot kann een och raisonabel Investissementer maachen, fir säi Footprint erofzesëtzen. Smart Thermostaten zum Beispill kënnen den Hëtztverbrauch em 10-20% erofsetzen, andeems se d’Heizung nëmmen umaachen, wann de Verbraucher och physesch doheem ass [vill modern Haiser hunn dës Fonktioun schon] respektiv avertéieren se iwwer en héijen Hëtztverbrauch an engem eidele Raum. Dëst wiekt sech natirlech och positiv op de Portemonnaie aus.


Solarzellen um Dag - déi Stroum liwweren, wann d’Sonn schengt - eng besser Isolatioun vun de Maueren, eng Holzpelletheizung oder de Kaf vum Elektroauto [dee kuerz driwwer mentionnéiert gouf] si weider Beispiller, wéi ee säin Ofdrock nohalteg reduzéiert. Ouni d'Recyclingpoubelle ze mentionnéieren, déi all Mënsch misst hunn.


Matt dëse „cleveren“ Investissementer kann ee ronn 2 Tonne spueren [0,6 Tonnen fir d’Hëtzt an 1,4 Tonnen fir d’Solarzell – den Elektroauto gouf schon heidriwwer agerechent]. Dës Investissementer ginn oft an de Portemonnaie, ma de Stat bitt awer finanziell Ënnerstëtzungen ewéi zum Beispill eng Prime fir den Elektroauto an d’Renovatioun oder Tariffer fir d’Solarzellen.

Och wann d’Beispiller 1. bis 4. heidriwwer illustrativ sinn an den CO2 Ofdrock vun all Mënsch anescht ass: dir kënnt e Groussdeel vun äeren Emissioune selwer kontrolléieren an aktiv beaflossen. Et bleiwt allerdengs e groussen Deel un Emissiounen, déi een net matt individuelle Moossnahme kann erofsetzen.

[Remark: D'Tabell matt de Calcule fannt dir am Appendix]


Dofir ginn et awer nach zwee weider Schrëtt, wéi dir och dës Emissioune kënnt an Ugrëff huelen.


5. CO2 Zertifikater: kompenséiert alles, wat dir net reduzéire kënnt (oder wëllt...)


Vill Lait wëllen a kënnen net op alles verzichten. De „carbon offsetting“ duech CO2 Zertifikater ass eng Method, wéi ee seng ausgestoussen CO2 Emissioune ka kompenséieren, andeems dës enzwuesch anescht um Planéit évitéiert oder absorbéiert gi sinn.


Dat geleefegst Beispill ass d’Planze vu Beem, déi dann iwwer hier Liewensdauer den CO2 rem absorbéieren. Och wann dës Methoden net perfekt sinn [wéi wees een ob e Bam iwwerlieft a wat mam Bam no all dene Joëre gemaach gëtt?], ass et wuel besser, wéi naicht. Et signaléiert nämlech eng Bereetschaft fir méi esou Solutiounen, déi essentiell sinn, fir den CO2 ze senken.


Eng grouss Majoritéit vun de Klimaszenarien verloossen sech op sougenannten negativ Emissiounstechnologien, fir d'Temperaturerhéijung op 1.5°C ze limitéieren. Des Technologien "saugen" CO2 aus der Loft a reduzéieren esou d’CO2 Konzentratioun an der Atmoshpär [also wéi „kënschtlech Beem“, Beispill: Climeworks]. Laangfristeg sinn dës Technologien wichteg, wëll den CO2 „op Knappdrock“ verschwënnt a secher gestored ass. Haut ginn et awer just ganz wéineg esou Projet’en, wëll se (nach) ze deier sinn. Eng ganz wichteg Source u Suën fir dës Projeten sinn CO2 Zertifikater – dowéinst ass Aktivitéit op dësem Plang haut schon essentiell, fir déi richteg Signaler ze senden.

[Source: Puro.earth]


Remark: D'CO2 Zertifikater sollen awer och keng Excuse dovir sinn, keen individuellen Effort ze maachen oder onlimitéiert polluéieren ze dierfen.


6. Aktiv ginn: e “system change” fuerderen


Moossnahmen, wéi ënner 1.-4. opgezielt, kënnen den CO2 Ofdrock just em déi Faktoren erofsëtzen, déi de Mënsch selwer ënner Kontroll huet. Vill Faktoren laien awer ausserhalb dem direkte Kontrol vum Konsument oder et ginn nëmme limitéiert Alternativen. Ee Beispill ass de lëtzebuerger Stroum, deen net an deem Ausmooss gréng ass, wéi een dat gleewe gelooss gëtt. Och d‘Iessen, d’Kleeder, d‘Elektronik an d'Infrastruktur ginn aus Materialien an duech Prozesser hiergestallt, déi hieren Ofdrock hannerloossen fir déi et oft nëmmen eng limitéiert Palette un Optiounen gëtt. De Konsument huet oft keen Afloss op säi Choix: zum Beispill kann en de Stroum aus der Steckdouss oder d’Materialien, aus dene seng Produiten gemaach sinn, net einfach änneren.


De Konsument kann awer e Bewosstsinn dovir entweckelen, dass all Produit [ob emweltfrëndlech oder konventionell] direkt oder indirekt matt engem CO2 Ofdrock verbonnen ass. Souguer den emweltfrëndlechste Produit huet nach emmer en CO2 Ofdrock op de Planéit. D’Hierstellung vun all Produit involvéiert ganz Industrien – ewéi Agriculture, Textil, Zement oder Stohl – déi all matt Hëllef vun naturelle Resourcen, Energie a Chemikalien en End-Produit hirstellen. Bis also net d’Energie komplett erneierbar ass [den taux vun den erneierbaren Energien ass global nëmmen op 20%], d’Chemikalien net biologisch oder recycléiert an d’Matières Premières net recycléiert oder regenerativ sinn, huet dem Mënsch seng Konsommatioun e gewaltegen Ofdrock op de Planéit.


An anere Wierder: ouni e „system change“ – vu fossil op erneierbar a vun destruktiv op regenerativ – kann den CO2 Ofdrock net op Null falen ! Och wann dëse Changement net ka matt individuellen Décisiounen erbäigefouert ginn, sou huet awer all Individu de Choix, senger Stëmm Gehéier ze verschafen, andeems ee seng Meenung ausdreckt, Initiativen ënnerstëtzt, sech staark mecht an esou den Drock op system-relevant Institutiounen an Akteuren erhéicht.


Wa mir nämlech am Rhytmus vun haut weider CO2 ausstoussen, hu mir eisen CO2 Budget schon 2028-30 erreecht a misste schon dann op Null sinn. Rezenten Etuden no geet d’Konzentratioun vun CO2 an der Atmosphär – trotz COVID 19 – awer weider an d’Luucht fir 2020 – eng Besserung ass net a Siicht wann eise Sysem erem esou leeft, wéi viru Corona.


E „system change“ ass also dringend néideg: vu fossilen Energien an Ausbeutung vu Resourcen ewech op eng regenerativ an nohalteg Ekonomie.


Eng ofschléissend Remark


Meng Beispiller heidriwwer sinn illustrativ a sollen de Liëser e puer Usätz ginn, wat fir Effekter individuell Verhalensweisen op den individuellen CO2 Ofdrock hunn. Ech wëll domatt keng Verhalensweis veruerteelen oder schéi schwätzen. Et kann een och net pauschaliséieren, wëll all Eenzelnen ennerscheet sech a sengem Liewensstil.


Eppes steet awer fest: ouni individuell Efforten op verschiddenen Ebenen [sierf et duech eng Adaptatioun vum eegene Verhalen an/oder Drock op system-relevant Institutiounen] kënne mir d’Klima net retten a mir steiere riicht op déi next Kris zou.


Mir hunn all eng Stëmm, an zesummen kann ee ganz vill erreechen !

 

1,176 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page