top of page

Elektroauto: Klimakiller oder Klimaretter?

Updated: Apr 18, 2020

Esou gréng ass den Elektroauto zu Lëtzebuerg.

 
  • Zu Lëtzebuerg muss een 61.200 Kilometer fueren, bis dass den Elektroauto méi “gréng” ass wéi d’Verbrennungsgefier – dat si bësse méi wéi 5 Joër an der Moyenne. Wat d’Batterie méi kleng ass, wat d’Klimabilanz besser ausfällt, mee wat och d’Autonomie manner grouss ass.

  • Finanziell lount sech den Elektroauto ouni Subventiounen nach net, dowéinst ennerstëtzt d‘Regierung de Kaf matt Primen vu bis zu 5.000 Euro. En zweete, wichtege Faktor ass de Benzinspräis, dee progressiv an d’Luucht gehuewe wäert ginn.

  • Den Elektroauto ass nach am Ufank vu senger Entwecklungsphase. Wat d’Käschten iwwer d’Zäit méi erof, de Stroum an d‘Batterie méi klimafrëndlech an d’Hirkunft vun de Metaller méi transparent ginn, wat sech den Elektroauto aus finanzieller an emweltlecher Perspektiv méi loune wäert.

 

Den Elektroauto ass e Sujet, deen an der ëffentlecher Diskussioun d'Meenung vu ville Lait spléckt. Et wier net wouer, dass e keng Emissiounen hätt. D’Batterie wier net emweltfrëndlech an net recycléierbar. Et geng een net kënnen mam Elektroauto an d'Vakanz fueren a souwisou geng e méi Zäit um Stecker hänken, wéi gefuer ginn. An zu gudder Läscht wier en och net ze bezuelen.


An dësem Artikel hunn ech 17 Modeller zu Lëtzebuerg verglach a probéieren iech an de Mythos Elektroauto méi no ze brengen. Wéi gréng ass e wirklech? Wéi vergläicht e sech par rapport zum Verbrennungsgefier? Lount e sech finanziell? A wéi ass et mam Hybrid?


D'Polemik Elektroauto: eng kuerz Iwwersiicht


Zu Lëtzebuerg kënnt wäit iwwer 50% vun dem Energieverbrauch aus dem Transportsektor. Domatt ass Lëtzebuerg Leader an der EU an och wäit iwwer dem EU-Duechschnëtt vu 27%. Haaptgrond fir dës erhéijt Zuelen ass den Tanktourismus vu Logistikentreprisen a Privatpersounen. Fir dëst ze bekämpfen, huet eis Regierung viru kuerzem eng Erhéijung vun den Accisen beschloss a mëttelfristeg eng CO2 Tax virgesinn.


Gutt Moossnamen fir de Klima, wéi mir spéider wäerte gesinn, ma ob dëst elo zu manner Konsommatioun vu Kraaftstoff féiert oder de Problem nëmmen an d’Ausland verlagert, ass eng aner Fro. D’laangfristegt Zil ass et awer och, de Lëtzebuerger esou zum Ëmklammen zu alternative Fortbeweegungsmëttelen a -methoden, ewéi den ëffentlechen Transport oder den Elektroauto, ze motivéieren.

[Data Source: Eurostat - Joër: 2018]


En Elektroauto produzéiert wärend dem Fueren keng lokal Emissiounen. Sou huet e Land, an deem Elektroautoen amplaatz vu Verbrennungsgefierer gefuer ginn, theoretesch keng Emissionen méi am Transportsektor. D’Batterie, an deelweis och de Stroum (wann en, wéi zu Lëtzebuerg, importéiert gëtt), fléissen nämlech net an d’national CO2 Bilanz. Dovir ass en och bei Politiker immens beléiwt, wëll en erlaabt, national Klimaziler séier ze erreechen.


D’global Erspuernisser sinn awer oft méi kleng wéi déi national: dem Klima ass et nämlech egal, wou d‘Emissiounen ausgestouss ginn. Zwee wichteg Faktore fir d’global Klimabilanz bleiwen also, wéi “gréng” d’Produktioun vun der Batterie ass a wéi “gréng” de Stroum aus dem Réseau ass. Och wa Lëtzebuerg säi Stroum importéiert a selwer keng Batterie produzéiert, muss ee bedenken, dass dës zwou Komposante jo och iegendwou um Planéit en Ofdrock hannerloossen.


Wéivill CO2 stéisst d'Batterie vum Elektroauto aus?


Ongeféier d'Halschent vun den Emissioune vun der Batterieproduktioun entfällt op d’Ausgruewung an d’Veraarbechtung vun de Materialien aus der Batterie. Déi aner halschent kënnt vum Stroum, deen an der Fabrik wärend dem Zesummesetze vun de Batterien benotzt gëtt. Sou hänkt den CO2 Ofdrock vun der Batterieproduktioun net nëmme staark vun der Regioun of, wou d’Resourcen ausgegruewe ginn, mee och wou d’Batterie zesummegesat gëtt.


Rezent Studie weisen, dass d’Produktioun vun enger Batterie am globalen Duechschnëtt 100 Kilogramm (kg) CO2 pro Kilowattstonn (kWh) nominal Leeschtung austéisst. Wann een zum Beispill en Elektroauto matt enger 36kWh Batterie fiert (wéi dem e-Golf seng Batterie), sou wieren dëst 3,600 kg CO2 fir d’Batterie. Dat ass besse manner wéi d’Halschent vum Auto seng totalen Produktiounsemissiounen an dës Emissiounen si glaich null bei engem Verbrennungsgefier.


Den CO2 ass hei e gudden Indicateur fir de Klima, mee den CO2 elleng als Indicateur fir d’Emweltfrëndlechkeet ze benotzen, wier net komplett. Den Elektroauto, an dovun haaptsächlech d’Batterie, besteet nämlech aus méi verschiddene Metaller wéi d’Verbrennungsgefier. Déi Metaller mussen aus der Äerd geholl a veraarbecht muss ginn, an d‘Minne sinn oft an Asien, Südamerika oder Afrika, wou d’Emwelt- a Sozialoplagen manner strikt sinn, wéi a westleche Länner.

[Source: WDR]


E Beispill fir sou ee Metall ass Lithium. Lithium fënnt een natirlech a Fielsen a Länner wéi Australien, Zimbabwe a China, aus denen et an engem energie-intensive Prozess rausgeschlo ka ginn. Et kënnt awer och a Salzwaasser oder -minne vir, dëst zum Beispill am “Lithium Dräieck” a Südamerika (iwwer d'Halschent vun de weltwäite Reserven), oder méi genau an der Atacama Wüst am Chile.


Hei gëtt d’Salzwaasser a Bassine gepompelt, wou et verdonst bis de Lithium matt 6% Konzentratioun iwwreg bleiwt. Dëse Lithium gëtt dann an engem chemesche Prozess verschafft. Wéinst dem héije Waasserverbrauch ass de Waasserniveau an der zentraler Lagun gefall, wat an der Regioun laangfristeg zu engem Problem fir d’indigen Ureinwohner, hier Béischten an d'Flamingoë ka ginn. D'Atacama Wüst ass zwar soss keng Regioun, déi besonnesch aartenvielfälteg ass oder déi eng staark landwirtschaftlech Aktivitéit huet – ma kënnt sou eng Extraktioun net ëmmer ouni ëmweltlech Bedenken.


En anert Beispiller fir d’Kontrovers ass d’Kanneraarbecht an de Minnen, sou zum Beispill fir Cobalt aus Afrika, en anert, wichtegt Material fir d’Batterien. Fir béid Sujeten ass et d’Responsabilitéit vun de Betriber an deelweis och der Politik, fir méi Transparenz ze fuerderen, d‘Zouliwwerer ze iwwerpréiwen an d’Hirkunft vun de Materialien ze dokumentéieren.


Wéivill CO2 stéisst den Elektroauto beim Fueren aus?


Beim Fueren stéisst den Elektroauto null CO2 Emissiounen aus, allerdengs muss e fir d‘éischt opgeluede ginn. Fir ze wëssen, wéivill CO2 en Elektrogefier wärend dem Oplueden ausstéisst, muss een den CO2 Ofdrock vum Stroum am lëtzebuerger Réseau kennen.


A mengem läschte Post hat ech de Stroummix vu Lëtzebuerg op nationalem Niveau beschriwwen. De lëtzebuerger Stroumfournisseur keeft hei gréng Zertifikaën aus Skandinavien oder Island, fir säi Stroum als 100% “gréng” un de Client ze verkafen, obwuel de Stroum physesch net an deeër Proportioun aus erneierbare Quelle kënnt.


Ech hunn also probéiert, d’Originn vum Stroum méi genau erauszefannen. Lëtzebuerg huet zwee Opérateure vu Stroumréseauen: d’Sotel an d’Creos. D’Sotel liwwert ausschließlech Stroum un d’Industrie (iwwer 95% un Arcelor Mittal). D’Creos ass den Opérateur vum net-industrielle Réseau. 18% vum net-industrielle Stroumréseau ginn zu Lëtzebuerg produzéiert an 82% ginn aus Däitschland importéiert. E Groussdeel vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, ass erneierbar.


Beim importéierte Stroum allerdengs ass et onméiglech, d’Originn genau ze kennen – dofir ass de System ze komplex. Am bäschte Fall geng wuel den däitsche Stroummix zu Lëtzebuerg ukommen (38% erneierbar fir 2018). Sou hat ech et a mengem éischten Artikel ugeholl. Et wier awer och net auszeschléissen, dass e Groussdeel vum Stroum physesch aus de grousse Kuelewierker aus Nordrheinwestfalen oder dem Saarland kënnt, well de grénge Stroum fir d’éischt regional an Däitschland konsomméiert gëtt, éier en op Lëtzebuerg transportéiert gëtt. Mäin détailléierte Kommentar vu wou de Stroum zu Lëtzebuerg kënnt fannt dir an dësem Update.


Schließlech bleiwen ech bei menger initialer Hypothese vu 40% gréngem Stroum zu Lëtzebuerg. Bemiekenswäert: d’Mammegesellschaft vun der Creos, d‘Encevo, kënnt op déi selwecht Zuel an engem Rapport, wou si den Undeel un erneierbaren Energien an hierem Réseau gerechent huet. Dëst ass verwonnerlech, well d‘associéiert Filialen Enovos a Leo jo oft nëmmen 100% “grénge” Stroum verkafen.

[Source: Encevo]


Lëtzebuerg an Däitschland wäerten och hir Proportioun un erneierbaren Energien am Stroummix an de kommende Joëren erhéijen. Ech wäert dowéinst unhuelen, dass Lëtzebuerg seng Ziler aus dem Klimaplang bis 2030 erreeche wäert. Ech huelen och un, dass Däitschland säin Zil vu 65% erneierbar Energien am Stroummix bis 2030 progressiv erreeche wäert.


D’Resultat sinn 385 g CO2 pro kWh fir de Stroum aus dem Réseau vun haut, e Wäert dee bis 2030 em e besse méi wéi d’halschent erof wäert goën. Wann een haut zum Beispill en Elektroauto fiert, deen 0.17 kWh pro Kilometer brauch an nach d’Verloschter zwëscht Réseau an Auto abegräift, sou verbraucht dësen 74 Gramm CO2 pro Kilometer fir 2019.


Wéivill CO2 stéisst e konventionellt Gefier beim Fueren aus?


E Bensin- oder Dieselauto verbraucht Kraaftstoff, deen a lokalen Emissiounen résultéiert. Eier en aus der Zapfsäul kënnt, gëtt de Petrol awer och nach aus der Äerd gepompelt an a Raffenerien uechtert d’Welt an de finale Produit (Bensin oder Diesel) verwandelt. Global kënnt de meeschte Petrol aus den USA (18%) viru Saudi Arabien (12%) a Russland (11%).


Wat den CO2 Ofdrock vum Kraaftstoff ugeet, ginn et online Datebasen, déi d’Emissiounen vum Kraaftstoff dokumentéieren. Sou läit de Bensiner bei ëm 2.8kg CO2 pro Liter an den Diesel ëm 3.2 kg CO2 pro Liter [edit: dëst inkluéiert "well-to-pump" Emissiounen, déi fir 12.5-20% ziëlen]. Am Kraaftstoff sinn och keng grouss Innovatioune virgesinn, déi den CO2 Ofdreck erofdrecke sollten. Sou stéisst ee Bensiner, deen 0.06 Liter pro Kilometer verbraucht, 168 Gramm CO2 pro Kilometer. Dëst ass méi ewéi beim Elektroauto, mee d'Verbrennungsgefier spuert sech d'Emissioune vun der grousser Batterie.


Natirlech ass och de Petrol net fräi vun Onschold, wann ee seng emweltlech Spuere kukkt. Esou kommen heinsdo Emweltkatastrophe vir, wéi zum Beispill wann en Tanker op Gronn leeft oder e Rouer explodéiert an Ueleg onkontrolléiert an d’Emwelt entkënnt. Déi läscht, gréisser Katastroph wor 2010 d’Explosioun vun Deepwater Horizon am Golf vu Mexico, wou 11 Lait verstuewe sinn a 4.9 Millioune Barrel an d’Mier gelaf sinn. An Hirkunftslänner ewéi Saudi Arabien oder Venezuela kéint een och ähnlech Problemer matt Menscherechter vermuten, wéi een se bei der Batterie fënnt.


Wéi wait muss ech dann elo mam Elektroauto fueren, fir dass e besser wéi en tradionellt Gefier ass?


Online hunn ech mer 17 Modeller un Elektroautoën erausgewielt an se géint e Bensiner an en Diesel aus vun der selwechter Mark oder der selwechter Kategorie verglach. Esou hunn ech zum Beispill den e-Golf matt engem Golf TSI oder TDI verglach. Wa keen Auto vun der selwechter Marque existéiert, hunn ech e Modell aus der selwechter Kategorie vun enger anerer Mark geholl (zum Beispill Audi oder Mercedes fir déi verschidden Tesla-Modeller).


Anhand vum Graph fir den e-Golf heidrënner kënnt dir iech bildlech virstellen, wéi d‘Rechnung fonktionnéiert: den Elektroauto huet méi e groussen CO2 Ofdrock am Ufank vu sengem Liewen, haaptsächlech wéinst der Batterie, mee dësen Ofdrock gëtt dann iwwer d’Liewensdauer kompenséiert mam méi oder manner „grénge“ Stroumverbrauch, bis den Elektroauto ab enger gewëssener Distanz méi emweltfrëndlech ass wéi de Bensiner an den Diesel.

Op dësem Beispill erkennt een, dass den e-Golf 53.000 Kilometer (verglach mam Bensinner) bis 57.000 Kilometer (verglach mam Diesel) misst gefuer ginn, bis e méi gréng ass, wéi d‘Verbrennungsgefier. Dës Method gëtt also en Intervall fir d‘Distanz. Ech hunn déi Rechnung fir all d‘Modeller aus menger Datebase widderholl an d’Resultater an 3 Kategorien agedeelt: Elektroautoën matt klenge, mëttel a grousse Batterien. Déi ennescht Bar de klimafrendlechsten an déi iewecht Bar de mannst klimafrëndleche Modell aus der jeweileger Kategorie. Détailléiert Resultater fir all Modell fannt dir zum Schluss vun dësem Artikel.

An der Moyenne sinn et also 61.200 Kilometer, déi een zu Lëtzebuerg fuere misst, bis dass den Elektroauto méi “gréng” ass wéi d’Verbrennungsgefier. Bei enger Moyenne vun 12.000 Kilometer pro Joër wieren et also bësse méi wéi 5 Joër, bis dass den Elektroauto méi klimafrëndlech ass.


Wëll d’Klimafrëndlechkeet nieft dem Verbrauch oft vun der Gréisst vun der Batterie ofhänkt, fällt och op, dass Autoe matt enger klenger Batterie oft besser an der Klimabilanz ofschneiden. Sou läit d’Moyenne bei Autoën matt enger Batterie enner 50kWh bei 52.600 Kilometer a bei dene matt enger grousser Batterie bei 72.700 Kilometer – en Ennerscheed vun 38%. Grouss Batterie sinn néideg, fir méi Autonomie ze kréien, ma si drecken awer och op d’Klimabilanz.


Sollte Lëtzebuerg an Däitschland hier Klimaziler iwwregens net errechen, respektiv geng den CO2 Ofdrock vum Réseau um Niveau vun haut bleiwen, sou wieren et nach 67.300 Kilometer, déi ee misst mam Elektroauto fueren, fir dass méi „greng“ ass ewéi e Verbrennungsgefier. Et geng sech also nach ëmmer lounen, ma et wiren awer 6.100 Kilometer méi wäit ze fueren. D’Grenz, fir dass en Elektroauto manner „gréng“ ass wéi e Verbrennungsgefier, läit a menger Datebase bei iwwer 750 g CO2 pro kWh fir de Réseau. Dat si Wäerter, wéi een se haut just nach an zwee Länner an Europa observéiert (Polen an Estland).


Ausserdem huet den Elektroauto an all Fall als positiven Nieweneffekt, dass e schiedlech Gaser lokal aus dem Transportsektor eraushëllt an se bei d’Stroumwierker verlagert, wat sech positiv op d’Pollutioun randerem d‘Stroossen auswiekt. Dowéinst gëtt den Diesel a ville Grousstiedt verbueden: net nëmme wéinst dem Klima, ma haaptsächlech wéinst de schiedlechen Ofgasen.


Wéi ass et mam Hybrid?


Ech hunn natirlech och e Bleck op d’Plug-in Hybrider geheit. Hei muss ee bedenken, dass dës oft eng “kleng” Batterie hunn matt engem Elektromotor, matt denen ee wuel e puer Kilometer fuere kann – ma si verbrauchen awer och Kraaftstoff mam konventionelle Motor.


D’Verhalensweis vum Chauffer spillt och eng grouss Roll, fir e genaue Verglach zouzeloossen: sou ginn et zum Beispill Lait, déi fueren am Alldag ëmmer just elektresch, a benotzen den Tank nemme wann d’Batterie eidel ass oder fir grouss Distanzen (zum Beispill wann si an d’Vakanz fueren). Et ginn awer och Lait, déi fueren all Dag e Groussdeel matt Bensin. En eenheetleche Verglach ass also schwéier, dowéinst hunn ech verschidde Fuerweise mattenee verglach.

Effektiv ginn et Fuerweisen, wou sech de Plug-In Hybrid aus emweltlecher Siicht ganz séier lount, an zwar wann ee gréisstendeels elektresch fiert. Dëst ass de Fall, well d‘Batterien extrem kleng sinn (ënner 20kWh), vun der Gréisst hier bis zu engem Fënneftel vum Elektroauto: d’Klimabilanz ass also méi séier positiv. Dowéinst hunn se awer manner Autonomie, oft nëmmen bis zu 50 Kilometer. De Plug-in Hybrid ass wuel eng gutt Léisung fir all déi Lait, déi vill urban ënnerwee sinn, mee fir laang Strecken nach net ganz op elektresch wellen emklammen.


Firwat gëtt den Elektroauto als grouss Klimasolutioun duergestallt?


E Bleck no fir weist awer och dem Elektroauto sai grousst Potential als Klimaschützer. Well de Réseau iwwer d’Zäit méi emweltfrëndlech an et weider CO2-Effizienzen an der Batteriehirstellung wäerte ginn, geet d’CO2 Bilanz fir den Elektroauto weider erof. Dofir hunn ech och simuléiert, wéi séier sech den Auto an engem 100% grénge Réseau matt niddregem CO2 Ofdrock fir d’Batterie klima-technesch rentabiliséiert. Dëst wiere ronn 22.200 Kilometer am Duechschnëtt, oder knapp 2 Joër fir den duechschnëttleche Chauffer. Hei ass den Effekt vun der „grénger“ Batterie méi grouss wéi dee vum grénge Stroum.


Wat kascht de Spaass?


De résidentielle Stroumklient huet 2018 0.17 Euro pro kWh bezuelt – ee Kilometer mam Elektroauto bei engem Verbrauch vun 0.17kWh pro Kilometer geng also 2.7 cent kaschten. E Benziner, deen 0.06 Liter pro Kilometer brauch, kascht bei engem Bensinsprais vun 1.2 Euro pro Liter ronn 7.2 cent pro Kilometer – eng Differenz vu 4.5 cent pro 100 Kilometer en faveur vum Elektroauto. De Verbrennungsauto ass och am entretien e besse méi deier an d‘Autosteier ass méi deier.


Hei muss een awer bedenken, dass d’konventionellt Gefier an der Uschafung meeschtens e gutt Steck méi bëlleg ass, wéi den Elektroauto. Sou lounen sech d’Elektroautoën aus menger Datebase ekonomesch ouni Subventioun an der Moyenne réicht no 177.500 Kilometer. Et muss een haut also nach en Oppräis bezuelen fir de Klimaschutz.


Fir den Elektroauto ze fërderen, huet d’Regierung eng Prime vu bis zu 5.000 Euro beim Kaf vum Elektroauto agefouert. Do lount sech de Kaf da schon no 104.400 Kilometer. Zu Lëtzebuerg ass och de Bensin extrem bëlleg a wäit ënner dem Duechschnëtt vun eise Nopeschlänner. Dowéinst wäert d’Regierung desweideren d’Accisen um Kraaftstoff ropsetzen an eng CO2 Tax aféieren. Wann een dës zwee Faktoren aberechent, sou lount sech den Elektroauto an der Moyenne ab 76.900 Kilometer.

Opfälleg ass och de groussen Intervall: et ginn Autoën, déi sech ganz séier rechnen mee och anerer, wou et emsou méi laang brauch. D‘Rentabilitéit ass also ganz staark vum Modell ofhängeg, deen ee sech kafe wëll.


Den Elektroauto ass och nach um Ufank vu sengem Entwecklungsstadium ass an dass d’Käschte an den nexte Joëren weider fale wäerten. D’Käschte vun der Batterie, der Haaptkomponent vum Elektroauto, sollen sou zum Beispill nach emol ëm iwwer d’Halschent falen bis 2030, wärend fir d’Komponente vum Verbrennungsgefier keng vergläichbar Käschtereduktioune virgesi sinn. Ausserdem soll de Stroumverbrauch vum Elektrogefier och weider erofgoen an d’Konzept och méi räif ginn.


Fazit: Klimaretter


Den Elektroauto lount sech fir de Klima iwwer seng Liewensdauer, wann d’Batterie klima- an emweltfrëndlech hirgestallt gouf. Ouni Prime a matt niddrege Bensins- an Dieselpräisser ass et haut awer nach keng Entscheedung, déi een elleng mam Portemonnaie trëfft.


A puer Joër, wann d’Batteriepräisser erof an d’Benzinspräisser ropgaange sinn, wäert sech den Elektroauto awer och aus finanzieller Siicht lounen. Och de Plug-in Hybrid ass eng gutt Alternativ fir all urbane Chauffer, wann dëse gréisstendeels elektresch fiert.


Limite vum Elektroauto


E grousse Minus fir den Elektroauto ass déi laang Opluedezait. An enger normaler Haushaltssteckdous brauch den Auto esou e puer Stonnen, bis e gelueden ass. D’Autonomie ass och oft nach eng Peng fir den Fuerer iwwer méi wäit Distanzen. Dovir gëtt et dann Opluedestatiounen (ewéi Chargy zu Lëtzebuerg), déi méi e schnellt a flexibelt Oplueden erméigleche sollen. Dës Infrastruktur ass a ville Länner awer nach net gutt dévelopéiert. Sou huet Chargy momentan awer nëmmen 100-200 Luerderen uechter d’Land verdeelt. Dës Unzuel soll bis Enn 2020 op 800 hiewen.


D’Kapazitéit vum lëtzebuerger Stroumréseau soll kee Problem sinn. Et geng vill méi drëms goën, wéi de Pic kann bewältegt ginn (zum Beispill wann all Chauffer iwwer d’Nuecht zur selwechter Zäit geng oplueden). Ausserdeem bleiwt och d’Fro, vu wou Lëtzebuerg den incrementale “grénge” Stroum soll hirhuelen.


De Recycling vun der Batterie wäert och nach eng Roll spillen. Ofhängeg vum Hiersteller an der Notzung vun der Batterie huet dës nämlech nach eng gewësse Leeschtungskapazitéit no der Uwendung (>70%). Et kéint een se also widerverwenden, zum Beispill fir de Stockage vun erneierbaren Energien, oder misst een se awer recycléieren fir d'Materialien ze recupéréieren. Volkswohn kann haut schon 53% recycléieren, a well dëse Prozentsaatz op 97 bis 2030 brengen. Dëst reduzéiert natirlech och den CO2 Ofdrock vun der Batterie.


Den Elektroauto ass och just eng vun e puer Méiglechkeeten an der Transportwelt vu muer, wou een och op ëffentlechen Transport, Elektrovelo an -trotinette zreckgräife kann. Aner Alternativen, wéi zum Beispill den Brennstoffzellenauto, sinn och luewenswäert, zum Beispill ass d’Luedzäit respektiv d’Tankzäit méi kuerz wéi beim Elektroauto an d’Hirkunft vum Hydrogen kann och méi ëmweltfrëndlech sinn. Et dauert wuel awer nach e puer Joëren, bis dass dës präiskompetitiv sinn a bis dass d’Infrastruktur prett ass. D’Positioun vun der Regierung ass et, dass de Waasserstoff wéinst der haiteger Ineffizienz, dem grousse logisteschen Challenge an der limitéierter Zuel vu verfügbar Modeller an den nächste Joëren nëmmen eng kleng Roll wäert spillen.


Eng ofschléissend Remark


Ofschléissend bleiwt ze soën, dass Vergläicher tëscht elektreschen a konventionelle Gefierer komplex sinn: et gëtt keng Schätzung, déi iwwerall gëlt. D’Schätzungen hänke vu ville Faktoren of, ewéi zum Beispill d’Gréisst vun de Gefierer, wéi d’Brennstoffemissioune oder d’Elektrizitéitsemissioune berechent ginn, wéi eng Fuermusteren ugeholl ginn (Stat oder Autobunn), wou d’Batterie hiergestallt gëtt, oder souguer deelweis extern Konditiounen ewéi d'Wierder. Dës wierken sech nämlech ennerscheedlech op d’Klimabilanz vum Auto aus: sou verbrauch en Elektroauto zum Beispill méi, wann et reent wéinst der Reiwung, oder wann am Summer d’Klimaanlaach lafe muss.

 

Hei och nach emol all eenzelne Modell an der Iwwersiicht:


 


900 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page