Vu wou kënnt de lëtzebuerger Stroum wirklech?

Updated: Apr 18, 2020

Kuerzen Update nom läschte Post

  • Lëtzebuerger net-industrielle Stroumréseau ass wuel nëmmen zu 40% gréng, obwuel de lëtzebuerger Bierger zënter 2011 fir 100% grénge Stroum bezillt.

  • D’genau Originn vum Stroum ze dokumentéieren, ass onméiglech. Dowéinst ass et net auszeschléissen, dass e Groussdeel vum Stroum aus der Kuel kënnt.

  • D’Guarantee of Origin, also de gréngen Zertifika, ass e Mëttel fir de Stroumfournisseur, sech gréng ze kafen. Et ass nëmmen a ganz vereenzelte Fäll e Fërdermëttel fir erneierbar Anlagen.


A mengem läschte Post hat ech de Stroummix vu Lëtzebuerg op nationalem Niveau beschriwwen. An dësem méi techneschen Update probéieren ech, ze erörteren, wou de Stroum vum private Konsument zu Lëtzebuerg physesch hirkënnt a wéi gréng e wirklech ass.


Wourëms ass et am éischte Post gaangen?


Lëtzebuerg produzéiert 14% vu sengem Stroum selwer an importéiert de Recht aus dem Ausland. Dovu kënnt de gréissten Deel aus Däitschland, hannendrun Frankräich an d’Belsch. Dem importéierte Stroum seng Originne kann ee physikalesch net retracéieren. Dowéinst keeft de lëtzebuerger Stroumfournisseur Zertifikaën aus Länner ouni Lien matt Lëtzebuerg, wéi zum Beispill Norwegen, Schweden Island oder Spuenien, fir säi Stroum als gréng ze verkafen. Sou ass eise Stroum um Pabeier 55% gréng, obwuel e just zu 10% direkt aus grénge Quellen zu Lëtzebuerg kommen.

[Source: ILR - Joër: 2018]


Vu wou kënnt de Stroum aus der lëtzebuerger Steckdous?


Lëtzebuerg huet zwee Opérateure vu Stroumréseauen: d’Sotel an d’Creos. D’Sotel liwwert ausschließlech Stroum un d’Industrie (iwwer 95% un Arcelor Mittal). D’Creos ass den Opérateur vum net-industrielle Réseau. 18% vum lëtzebuerger net-industrielle Réseau kënnt aus Lëtzebuerg (dovun d’Majoritéit aus erneierbare Sourcen), de Recht vum gëtt iwwer Héichspanung aus Daitschland importéiert (méi wéi 80%).


D’Fro, vu wou den däitsche Stroum kënnt, hunn ech rezent däitsche Réseausoperateueren an Energieagence gestallt. Et wier praktesch onméiglech, de genaue Mix vum importéierte Stroum erauszefannen – dofir wier de System ze komplex. Am bäschte Fall geng wuel den däitsche Stroummix zu Lëtzebuerg ukommen (38% erneierbar fir 2018). Sou hat ech et och schon a mengem éischten Artikel ugeholl.


Et kéint awer och sinn, dass et wäit ënner 38% wieren. Et misst een nämlech bedenken, dass grénge Stroum oft fir d’éischt op Mëttel- oder Niddregspanung agespeist gëtt a fir d’éischt regional an Däitschland konsomméiert gëtt, éier en iwwer Héichspanung op Lëtzebuerg transportéiert gëtt. Ausserdem gengen et Zaitpunkter ginn, wou net déi komplett Demande ka matt erneierbarem Stroum gedeckt ginn a fossil Wierker apsrange missten. Et wier also net auszeschléissen, dass e Groussdeel vum lëtzebuerger Stroum physesch aus de grousse Kuelewierker aus Nordrheinwestfalen oder dem Saarland kënnt, déi direkt an d’Héichspanung aspeisen.

[Source: Forschung Stromnetze - matt Edits]


Wichteg: Ech behaapten domatt net, dass d’Majoritéit vum Stroum aus dene Wierker kënnt, ma et ass awer net auszeschléissen. Fir méi genau Behaaptungen kënnen ze maachen (ähnlech, ewéi ze behaapten, dass de Stroum 100% gréng ass), kommen awer ze vill Faktoren zesumme kommen.


Wéi gréng ass de Stroum dann elo wirklech?


Dat bleiwt eng Fro, op déi et keng einfach Äntfert gëtt. Ech bleiwe bei menger Hypothese, dass mir den däitsche Stroummix importéieren, och wann net ausgeschloss ass, dass et duechaus manner kéint sinn.


Bemiekenswäert ass, wat een op dem Site vun der Encevo fënnt. Encevo ass net nëmmen d’Mammegesellschaft vu Creos, mee och vun de gréisste lëtzebuerger Stroumfournisseuren Enovos a Leo, déi nëmmen 100% grénge Stroum verkafen. Encevo huet rezent e Scholdschäin erausginn an huet missten dokumentéieren a verifizéiere loossen, wéi gréng de Stroum am Creos Réseau ass.


An dem Rapport, dee vun der onofhängerer Firma Sustainalytics vérifizéiert gouf, liëst ee folgendes (op englesch): „The energy mix of Germany [...] has been used to derive the portion of renewable energy imported from Germany to Luxembourg“. Also: fir den Undeel un erneierbaren Energien vum importéierte Stroum am Réseau vun der Creos ze déterminéieren, hëllt d’Encevo den Undeel un erneierbaren Energien am däitsche Stroumréseau, dee laut hinne bei 35% lait. Sou kommen si op en totalen Undeel vun erneierbaren Energien am lëtzebuerger Réseau vu 40%.

[Source: Encevo]


Ech fannen dëst eng verwonnerlech Erkenntnis: de Stroum aus dem Réseau vun der Creos ass also just zu 40% gréng, wärend de Bierger, laut Enovos, zënter 2011 nëmmen nach 100% grénge Stroum kritt.


Als Referenz posten ech och nach den offizielle Mix vun Enovos a Leo (an den anere Stroumfournisseuren), wéi een en op dem Site vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) fënnt an deen d'Zertifikaën matt abegräift. Hei kommen d'Enovos a Leo op jeweils 55.3% oder 87.6% - eng eklatant Differenz par Rapport zu de 40%, déi duech d’Praktik vun den Zertifikaë méiglech ass. Verwonnerlech ass och, dass net emol fir 100% vum Stroum Zertifikaë kaf ginn...

[Source: ILR]


D’Zertifikaën fërderen dach secher erneierbar Energieanlagen, wou ass de Problem?


Ech denken net. Fir déi Fro ze beäntferen, muss ee verstoën, wéi d’Zertifikaë fonktionnéieren. All europäesch Stroumanlag, déi matt erneierbare Quelle bedriwwe gëtt (Waasser, Wand, Sonn, Biomass), kritt fir all Unitéit grenge Stroum, déi se produzéiert, eng “Guarantee of Origin” – also e gréngen Zertifika. Dës Zertifikaën sinn néideg, fir déi gréng Originn vum Stroum an Europa ze dokumentéieren.


Si kënnen zwëscht Produzent a Fournisseur duech ganz Europa échangéiert ginn, fir dass dës hiere Stroum als “gréng” dierfe verkafen. Hei gëtt et kee Critère, aus wéi engem Land d’Zertifikaë mussen nach sinn d’Zertifikaten an der Zait limitéiert – dat heescht, se mussen net gläichzäiteg zum Moment akaf ginn, wou de Stroum akaf gëtt.


D'lëtzebuerger Stroumfournisseuren kafen hier Zertifikaën zum gréissten Deel aus Skandinavien an Island, an dëst aus Waasserwierker. Et gëtt geschat, dass dës spezifësch Zocht u gréngen Zertifikaën 1-2€ pro Megawatt Stonn (MWh) kaschten – virun 2018 esouguer wäit ënner 1€. Am Verglach: de Maartpräis vum Stroum loung zwëscht 33-52€ pro MWh fir 2018 a Skandinavien, sou dass dës GO aus ekonomëscher Siicht net signifikativ sinn, fir dës Wierker ze fërderen.

[Source: Aleasoft - matt Edits]


De But vun de GO ass och net, e Fërdermëttel ze sinn. De GO System soll et informéierte Konsumente erlaben, net just op Elektrizitéitspräisser baséirend, hir Präferenz fir erneierbar Energien um Maart ze signaliséieren.


Et ass awer och, wéi och vun der Financial Times oder vun EnergyPost beschriwwen, fir vill Stroumfournisseuren e bëllegt Mëttel, sech gréng ze kafen an esou den onwëssende Konsument denken ze lossen, e géing grénge Stroum verbrauchen an dësen och dofir bezuelen ze loossen.


Fërdert esou ee System dann net déi greng Bilanz op dem europäesche Niveau?


Et kéint een effektiv denken, dass d'Zertifikaën op EU Level d’Zil vun den erneierbaren Energien encouragéieren – fir dass dës do gebaut ginn, wou et déi bäscht Konditioune ginn. Dëst ass villäicht theoretesch wouer, praktesch sinn déi Mechanismen awer ze bëlleg, wéi mer grad gesinn hunn. Ausserdem ginn erneierbar Energien a ville Länner duech de Staat gefërdert, zum Beispill duech Tariffer. En contrepartie kritt de Staat dann den Zertifika vum Produzent.


De Stroum aus der Steckdous gëtt matt sou enger Logik op ville Plaatzen och net méi gréng, wann net méi Stroum zwëscht dene Länner fléisst. Sou kënnen zum Beispill Waasserwierker a Wandmillen a Skandinavie gebaut ginn, wou dat hechst Potential ass an déi theoretesch ganz Europa kéinte matt Stroum versuergen – ma ouni Kabelen bis erof a Südeuropa bleiwt dese Mechanismus ineffizient.


Um Beispill vun Norwegen kann een och erkennen, wéi absurd dëse Mechanismus ass. Norwege produzéiert bal säi ganze Stroum aus erneierbare Sourcen, méi prézis aus Waasserwierker. Dës Wierker sinn an der Moyenne 40-45 Joër al, sinn also schon amortiséiert a kënnen och hier Investissiounen selwer finanzéieren. Wann elo, wéi am Beispill hei drënner, gréng Zertifikaën aus Norwegen duech ganz Europa verkaf ginn, schrumpft den Undeel un erneierbaren Energien an Norwegen um Pabeier op 16% - um physikalesche Stroumfloss ännert sech awer naicht.


Fir Norwegen ass dëst e rise Geschäft: de régionale Konsument kritt weider grénge Stroum (ouni “gréng” Spezifikatioun) wärend Stroumfournisseuren aus anere Länner, ewéi zum Beispill Lëtzebuerg, Suën an Norwege fléisse loossen, fir sech “gréng” kafen. Doduech ass awer weder de Stroum an Importlänner ewéi Lëtzebuerg méi gréng, nach an Exportlänner wéi Norwege manner gréng ginn.

[Source: osloeconomics]


Ech wëll mer secher sinn, dass ech 100% grénge Stroum kréien. Wat kann ech maachen?


Déi Fro krut ech oft gestallt. Et kann een als Haushalt secherlech op eege Generatioun sëtzen an zum Beispill Solarzellen op den Dag bauen. Leider ass dëst net fir jiddferee maaachbar an de Groussdeel vum Konsument wäert ofhängeg vum Stroumfournisseur bleiwen.


Et ass och wichteg, dass de Punkt vu mengem Artikel net ass, wéi een op 100% grénge Stroum kënnt – ma ech fuerdere just méi Transparenz par rapport zum Bierger.


Lëtzebuerg huet och nëmme limitéiert Kapazitéiten, national op erneierbar Energien ze sëtzen. Et ass awer waarscheinlech, dass Lëtzebuerg seng Proportioun un erneierbaren Energien am Stroummix an de kommende Joëren erhéije wäert. Wa Lëtzebuerg seng national erneierbar Energiekapazitéiten, ewéi am Klimaplang ausgeschafft, ausbaut an erreecht, kéinten 2030 bis zu 2251 GWh, oder 40-50% vum net-industrielle Stroumbedarf, national aus erneierbare Source generéiert ginn. Wann och nach Däitschland säin Zil vu 65% erneierbar Energien am Stroummix bis 2030 progressiv erreeche wäert, kéint de Stroum zu Lëtzebuerg 2030 bis zu 77% gréng sinn.


E méi genaue Kommentar dozou an den nexte Wochen.



87 views0 comments

Recent Posts

See All