Grénge Stroum zu Lëtzebuerg

Updated: Apr 18, 2020

Oder: wéi Lëtzebuerg sech gréng keeft.

  • Lëtzebuerg ass drëttläschten an der europäescher Unioun, wat d’Produktioun vu gréngem Stroum ugeet.

  • D’lëtzebuerger Stroumfournisseueren verkafen hire Stroum als gréng, och wann dëse physesch net ëmmer gréng ass.

  • De lëtzebuerger Staat keeft greng Energien um Pabeier, fir d’national Statistiken opzeblosen, ouni dass d'Energie zu Lëtzebuerg méi greng gëtt.


Ech hunn desläscht enorm Zuelen vum Ministère iwwer d’Evolutioun vun den erneierbaren Energien am Stroumsektor zu Lëtzebuerg gelies: zwëscht 2008 an 2018 soll d’Kapazitéit un installéierte Solarzellen em 533% an d’Luucht gaange sinn, wärend de Stroum aus Wandmillen em 410% am selwechten Zäitraum an d’Luucht gaangen ass. Gläichermoosse solle 74% vum Stroumverbrauch vun de Ménagen zu Lëtzebuerg aus erneierbarer Energie kommen a 55% vum gesamte lëtzebuerger Stroumverbrauch gréng sinn.


“Super!”, denken ech mer, “Lëtzebuerg muss jo e Leader um europäesche Niveau sinn. Zumools well eis Stroumfournisseuren oft och nëmme nach grénge Stroum ubidden!”.


D’Realitéit ass awer leider eng aner: Lëtzebuerg ass kee Leader an Europa. De Stroum, deen hei verbraucht gëtt, kënnt nëmmen zu 10% direkt aus erneierbare Quellen. Domatt beleet Lëtzebuerg den drëttläschte Rang am europäesche Verglach (EU), virun Ungarn a Malta.

[Data Source: Eurostat - Joër: 2018]


Wéi gesäit de Stroumverbrauch zu Lëtzebuerg aus?


Weder d’statistesch Aussoën iwwer d’erneierbar Energien vum Ministère, nach d’Praktik vun de Stroumfournisseuren hirem grénge Stroumvertrib, si falsch oder illegal – ma ass et just eng Fro vu Kontext a Perspektiv.


2018 huet Lëtzebuerg als Land 6’611 Gigawatt Stonnen (GWh) Stroum verbraucht. 14% vum nationale Verbrauch gëtt zu Lëtzebuerg produzéiert an 10% vum Verbrauch kënnt och aus erneierbare Quellen, déi op lëtzebuergeschem Terrain stinn.


Wann een elo dervun ausgeet, dass déi national, gréng Produktioun nëmmen u privat Ménage geet, da kënnt een effektiv op 74%, wéi vum Ministère ugekënnegt. Leider verbrauchen d’Ménagen awer nëmme 14% vum Stroum zu Lëtzebuerg, sou dass de kommerziellen an industrielle Verbrauch an dëser Statistik ignoréiert ginn.


Fir och dëse Verbrauch ze couvréieren, importéiert Lëtzebuerg 86% vu sengem Stroum, dëst haaptsächlech aus Däitschland, mee och aus Frankräich an der Belsch. Hei ass et onméiglech ze moossen, aus wéi enge Quelle dëse Stroum kënnt: soubal Stroum produzéiert an an de Réseau injectéiert gouf, kann d’Originn net retracéiert ginn.

[Source: ILR - Joër: 2018]


Wéi kann een da wëssen, ob den importéierte Stroum gréng ass ?


Fir d’Originn vum Stroum an Europa ze dokumentéieren, ginn et déi sougenannten « Guarantees of Origin » (GO), eng Zocht gréngen Zertifikat : all europäesch Stroumanlaach, déi matt erneierbare Quelle bedriwwe gëtt, kritt fir all Unitéit grénge Stroum, déi se produzéiert, esou een Zertifikat. Dëst erlaabt et, de Stroum als “greng” ze zertifiziéieren.


Dës Zertikaën kënnen zwëscht Produzent a Fournisseur échangéiert ginn, sou dass de Fournisseur säi Stroum greng dierf nennen: sou gesäit et eng EU Directive vir. Hei ginn et awer keng Critèren, dass déi Zertifikaën vun engem Produzent aus engem Gebitt musse kommen, dat och physesch Stroum un de Fournisseur liwwert. Sou kënnen zwee Acteuren Zertifikaën échangéieren, och wann de Stroum net tatsächlech physesch zwëscht deenen Acteure gefloss ass.


E Beispill: e südeuropäesche Stroumfournisseur, dee säi Stroum importéiert an d’Origine net kennt, kann dësen als gréng verkafen, soulaang en eng GO keeft (déi niewebäi nach immense bëlleg sinn). Dës GO kéint dann aus Skandinavie kommen, och wann zwëscht dëse Länner ni physesch Stroum gefloss ass. De Stroum ass awer "gréng" um Pabeier.


Ausserdeem gëtt et de Produktiounsproblem: wa lokal, erneierbar Kraaftwierker net matt der Nofro matthale kënnen (zum Beispill wann de Wand net bléist, oder an der Nuecht d’Sonn net schéngt), da gëtt och kee grénge Stroum produzéiert. Et ass leider nach net méiglech, permanent op 100% erneierbar Elekrizitéit ze lafen ouni Späichersystemer. An deem Fall gëtt de Stroum vun anere Kraaftwierker geliwwert, oft aus fossilen Energien.


En zweet Beispill: et ass Nuecht a Südeuropa – de Stroumfournisseur importéiert Stroum oder gräift op fossil Quellen zréck, wëll d’Sonn net schéngt an de Wand net bléist. De Fournisseur muss awer just e puer GO kafen, fir och dëse Stroum "gréng" ze nennen.


Soulaang also d’europäescht Stroumnetz net méi connectéiert ass a soulaang et keng bëlleg Späichersystemer ginn, verfeelen d’GO komplett hiren Zweck.

[Source: Needpix]


Wat heescht dëst dann elo fir de Stroum zu Lëtzebuerg?


D'lëtzebuerger Stroumfournisseur notzen dëse Mechanismus aus. Op de Websäite vun de vereenzelte Fournisseure fällt nämlech op, dass een als Particulier oft nëmme grénge Stroum kann auswielen. Och fir professionnel an industriell Clienten gëtt et d’Optioun, sech matt 100% erneierbarer Energie beliwweren ze loossen.


D’lëtzebuergesch Stroumfournisseuren importéiere bekanntlech hire Stroum aus den Nopeschlänner, ouni awer d’Origin ze kennen. Hei kommen dann d'Zertifikaën an d'Spill: fir dëse Stroum als "gréng" ze verkafen, kafen si – fir e minimalen Oppräis – Zertifikaë vu Produzenten aus Länner, aus denen ni Stroum zu Lëtzebuerg ukënnt.


Esou dokumentéiert den “Institut Luxembourgeois de Régulation” (ILR) fir 2018, dass iwwer 55% vum lëtzebuerger Stroum duech dës Praktik “gréng” solle sinn. D’Zertifikaën kommen hei awer aus Länner, déi weder direkt nach indirekt matt Lëtzebuerg vernetzt sinn: Norwegen, Island, Spueniën oder Schweden.


[Data Source: ILR - Joër: 2018]


Dës Praktik, zousätzlech zum Fakt, dass nëmmen 10% vun der nationaler Produktioun aus erneierbare Quellen sinn, ass eng Täuschung vum lëtzebuerger Konsument: de Stroum, deen aus de lëtzebuergesche Steckdouse kënnt, ass physesch net an deem Ausmooss gréng, wéi d’Stroumfournisseuren dat virmaachen.


Lëtzebuerg huet awer sécherlech méi wéi 10% gréngen Undeel am Stroum, well den importéierte Stroum och verrechent muss ginn. Eng vereinfacht Approche wier ze soen, dass den importéierte Stroum matt der Proportioun vun erneierbaren Energien aus de jeweilege Länner kann approximéiert ginn. An dësem Fall géing Lëtzebuerg op zirka 39% kommen fir 2018 – ma awer net op 55%.

[Data Source: Eurostat & ILR - Joër: 2018]


Wéi ee Verhalen encouragéiert eis Regierung?


Dës Tricksereien – och wa se legal sinn – sinn och beim Staat ganz beléiwt. Fir seng EU Ziler z’erreechen, soll zu Lëtzebuerg bis 2020 11% vun der Energie (zousätzlech zu Stroum, och Hëtzt an Transport) aus erneierbare Quelle kommen. Haut steet dëse Prozentsaatz awer nëmme bei 9%.


Fir d’Zil bis 2020 z’erreechen, huet Lëtzebuerg schon 2017 en Ofkommes matt Litaue beschloss, fir um Pabeier Statistiken vun erneierbaren Energien ze kafen. An dësem Ofkommes bezillt Lëtzebuerg eng geschaten Zomm vun 10 Milliounen Euro fir e minimum vu 550GWh gréng Energie. Dës Energie gëtt Litauen dann am Bilan ofgezunn a Lëtzbuerg gutt geschriwwen, obwuel dës Energie ni physesch hei verbraucht wäert ginn. Litaue ka sech dat erlaben, well si hiert Zil fir 2020 scho viru Joëren erreecht hunn.


En zweet Ofkommes huet Lëtzebuerg Enn 2017 matt Estland ënnerschriwwen, nach eemol fir 10.5 Milliounen Euro. Och wann dës Praktik ennert dem EU Cooperation Mechanism legal ass, ass d’Energie um lëtzebuerger Terrain duech dës Transferten net méi greng ginn.

Litauen wäert d'Fongen iwwregens an d'Entwécklung vun der erneierbarer Energie investéieren, méi prezis a Recherche a kleng Energieprojeten. Natirlech hëlleft dës Zomm fir esou Zwecker, mee wann ee bedenkt dass eng grouss Wandmillen zirka 5 Milliounen Euro kascht, kéint Litauen awer nëmmen 2 Wandmillen opriichten (oder 4 Wandmillen fir 20 Milliounen, wann een Estland dabei ziëlt). An anere Wierder: d'Zomm u Suën fërdert net déi Zomm un Energie, déi Lëtzebuerg gutt geschriwwe gëtt.


Ëmmerhin ziëlt de statisteschen Transfert fir 2.2% vun den erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg - dat si 24% vum total - dofir misste wäit méi Wandmillen (oder aner Projeten) opgeriicht ginn.

[Data Source: Eurostat]


Wéi ee Verhalen soll een zu Lëtzebuerg erwaarden?


Dëst loossen ech emol am Raum stoën. Sécherlech huet Lëtzebuerg nëmme limitéiert Potential, national op erneierbar Energien ze sëtzen. Sécherlech hunn aner Länner e bessert Potential, erneierbar Energien ze fërderen. Sécherlech stellt sech eis Regierung gär als progressiv a gréng duer, well Klima “in” ass.


An och wann haut d’Alternative limitéiert sinn, dierfen d’Verbraucher an d'Bierger duerch sou Praktiken net getäuscht gin : de lëtzebuerger Konsument keeft haut nämlech “grénge” Stroum, deen zwar legal ënner deem Numm verkaf dierf ginn, ma dofir nach laang net an deeër Proportioun gréng wäert sinn. Genau esou ass physesch d'Energie zu Lëtzebuerg net an deem Ausmooss gréng, wéi d'Statistiken dat virmaachen.


Link zu Statistiken an zousätzleche Froën zu dësem Artikel



552 views2 comments

Recent Posts

See All
Subscribe below to stay updated 
  • Facebook_edited
  • instagram-black-white
  • LinkedIn
  • Twitter_edited

© Nicolas Hentgen