top of page

Firwat Corona (net) gutt fir d’Klima ass

Updated: Apr 7, 2020

Reaktiounen op de Klimawiëssel an Zäite vu Pandemie.


An Zäite vu sozialer Isolatioun a Confinement verbrengen ech vill Zäit um Internet, wahrscheinlech méi wéi virun der Coronakris an hoffentlech och méi wéi dueno. Zu menger Verwonnerung liësen ech vill anti-Klima Kommentarer op de soziale Medien an ënnert den Artikelen vun de grousse lëtzebuerger Informatiounssäiten.


Ech wëll keng eenzel Kommentarer zitéieren, mee ech résuméieren heidrënner kuerz déi 3 grouss Linnen:


  • D’Konzentratioun vun CO2 an der Atmosphär wier zreck gaang.

  • De Coronavirus wier gutt fir d‘Klima, et geng nämlech neméi geflunn, produzéiert oder konsomméiert ginn. Wann dat ganzt eriwwer ass, kéinte mir jo dann emsou méi produzéieren a reesen.

  • Also, dir léif „gréng“ : wat soll dee Kaméidi em d’Klima, Corona huet et dach elo gerett. Dowéinst, wannechgelifft, vergiësst all gréng Mesuren an den nächste Joëren a konzentréiert iech drop, d’Ekonomie ze relancéieren.

  • [Ech kéint nach laang sou weider fueren...]


Et maach wuel wouer sinn, dass mir lo kuerzfristeg en Opootme vum Planéit erliewen. D'lokal Emissiounen ginn effektiv erof, well manner produzéiert gëtt a manner Transportmëttel genotzt ginn ewéi Fliger oder Auto. Dat huet temporär wuel e positiven Effekt op d’Loftqualitéit wéinst reduzéierter Pollutioun an Ofgasen.


Et gëtt awer leider eng Propriétéit vum CO2, déi och de Coronavirus net ausser Kraaft setze kann

D'Liewensdauer vum CO2 an der Atmosphär ass e puer Joërhonnerten. 60% bis 80% vum CO2 gëtt no enger Period vun 20–200 Joër vum Ozean oder der Biosphär absorbéiert. De Recht gëtt duech méi lues Prozesser entfernt (zum Beispill duech chemesch Witterung oder Fiëlsbildung), déi vun e puer honnerte bis zu dausende vu Joeren dauere kënnen. Dat bedeit, dass den CO2, soubal en eng Kéier an der Atmosphär ass, d’Klima fir dausende vu Joëre beaflosse kann.


Natirlech kënne mir och net zefridde sinn, wann den CO2 an den Ocean fléisst. Am Ozean reagéiert CO2 nämlech mam Mierwaasser a bild “carbonic acid”, eng Zocht Kueleseier. Doduech geet d’Aciditéit vum Mierwaasser erop, wat à long terme Konsequenzen op d’Liëwen ënner Waasser kéint hunn an domatt op eis global Ernährungsketten (guer net ze schwätze vun de Coralleriffer, déi zerstéiert ginn). Den CO2 bleiwt e rise Problem, Corona hin oder hier!


Wat heescht dat fir de Planéit?


D’Atmosphär huet haut eng CO2 Konzentratioun vun 408-416 „parts per million“ an de Planéit huet sech schon em zirka 1°C erhëtzt. Wann d‘Mënschheet weider am Rhytmus, ewéi bei normaler Liewensweis viru Corona, CO2 ausstéisst (+2-3 ppm pro Joër), da wäerte mir 2028-2030 bei 430 ppm ukommen, wat d’Limit fir 1.5°C ass. Duech de Coronavirus bleiwt d’CO2 Konzentratioun also bäschtefalls konstant bei 408-416 ppm, wëll temporär net vill CO2 ausgestouss gëtt.

[Source: NOAA - matt edits]


Mir schwätzen also net vun enger Reduktioun vun der CO2 Konzentratioun an der Atmosphär, mee vun enger Stagnatioun. Ausserdem ass den CO2, deen haut ausgestouss gëtt, kritesch, fir dass mir eis zukünfteg Klimaziler erreechen.


Wa mir no der Coronakris rem direkt zreck an al Verhalensmuster falen, ass den Effekt op d’Klima verpufft. Wann d’global Produktioun a Konsommatioun geschwë rem normal leeft, dann erwärmt sech eise Planéit em déi entspriechend Zäit méi spéit. De Coronavirus ass fir d’Klima also eng Verschiebung vum Problem no hannen, em d’Unzuel u Meint, déi mir am Confinement verbrengen.


Ech wëll op dëser Plaatz och zwee Sätz aus der lëtzebuerger Press mentionnéieren. RTL zitéiert den Emweltministère: Et „wier, wéi wann ee géif fir e puer Wochen ophale mat fëmmen an dann nees ufänken.“ Am Wort stoung an der Editioun vum 3. Abrëll: „Die Klimakrise ist eine von vielen Aufgaben, die keinen Aufschub dulden.“


D’Zäit no Corona: wat geschitt mam Klima?


Den eenzeg positiven Effekt vu Corona op d’Klima ass, dass et fir vill Mattbierger eng Aart „Wake-up Call“ kéint sinn. E Beweis, wat mir als Gesellschaft erreeche kënnen, wann e Problem dringend ass. Dass mir eis als Gesellschaft Prioritéiten setze kënnen. Dass mir och de Klimawiessel matt der néideger Geschlossenheet a Seriositéit ugoe mussen. Soss schleidere mir iwwer Joërzengten riicht an déi next Kris.


Et wäert nämlech eng Zait no der Pandemie ginn, an deem vill politesch Mesuren alles dru setze wäerten, dass d’Ekonomie rem sou dréint, ewéi virdrun. Dann ass d'Klima oft keng Prioritéit méi, esou wéi an der Zäit no 2008. Fir d’Regierung wier et awer déi ideal Geleeënheet, „gréng“ Relancemesuren ze huelen an de wirtschaftleche Stimulus matt de Klimaziler ze verbannen. Innovativ, gréng, Lëtzebuerg - wéi mer eis et sou oft wënschen.


Eng Propose fir d'Finanzement vun dëse Mesuren kënnt zum Beispill vum Imperial College zu London, ënnert der Form vu "Carbon Dividends". Et sollt een déi aktuell Baisse vun de Petrollspräisser (och wann de Grond net nëmme Corona ass) notzen, fir eng Taxe op de Bensin ze sëtzen. De Bensin géing esou rem op den Niveau vu viru Corona bruecht ginn (also vun aktuelle Präisser em 0.9€/liter [Stand: 05/04] zreck op ëm 1.2 €/liter, als Beispill fir Lëtzebuerg). De Revenue kéint een dann entweder direkt u Privathaushalter ausschëdden, oder awer a gréng Mesure stiechen.


Genausou misst een analyséieren, ob ee wéilt weider vun der globaler Lieferketten aus China ofhängeg bleiwen, oder rem méi Jobs "heem" brengen. Dëst géing à long terme lokal Aarbechtsplaatzen krééieren, allerdengs misst de Konsument bereet sinn, e klengen Oppräis ze bezuelen. Och hei kéinten d'Carbon Dividends à court terme eng Roll spillen, fir dësen Oppräis an enger éischter Phase ofzefiërderen.


Och den erneierbaren Energiepark, deen d'Regierung bis 2030 erweidere wëll, ass eng potentiell Source fir Aarbechtsplaatzen ze krééieren, wärend der Konstruktioun an dueno wärend der Opératioun. Genausou wier et fir d'Landwirtschaft d'Méiglechkeet, méi op Bio- oder Permakultur emzeklammen an och esou Aarbechtsplaatzen ze krééieren. Ausserdem ass et och wichteg, aner Mesuren aus dem Klimaplang grad elo duechzesetzen, fir esou nei, gréng Aarbechtsplaatzen ze krééieren.

 

853 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page