D‘Weltklima – eng düster Perspektiv ?

Updated: Aug 14

Den neie Rapport vum Weltklimarot ass ufanks der Woch erauskomm. Dass de Mënsch Schold um Klimawandel ass, ass scho laang gewosst. De Rapport weist awer matt aller Dringlechkeet drop hin, dass de Planéit sech waarscheinlech scho bis 2030 em 1,5°C wäert erwiermen. De Rapport gëllt och ultimativ als Warnsignal, dass et ganz geschwënn ze spéit wäert sinn, fir dës Erwiermung an de Grëff ze kréien.


Mee, wat heescht dat dann elo? Ass de Klimawandel och schon zu Lëtzebuerg ukomm, matt de rezenten Iwwerschwemmungen? Firwat gëtt Europa réicht 2050 klimaneutral, wann 2030 d'Limit vun der Erwiermung schon erreecht ass? A wéi ee Roll spillt d’Gesellschaft?


Ech invitéieren iech op eng Rees zu all de relevante Froën randerem dëse Sujet.


2021: Wierderextremer wéi nach ni virdrun…


Den Iwwerbleck iwwer d’Wierderextremer vun dësem Joër ze behalen, ass net evident (a vun de Joëre vidru schon net ze schwätzen). 2021 huet fir eng Rëtsch Joërhonnertextremer gesuergt, vun denen ech just verschiddener probéieren, hei opzeféieren.


Do ass d’Hëtztwell an Nordamerika vum Juni, bei deeër multiple Rekorder gebrach gi sinn. An enger Rei vu Stied goufen déi vireg Temperaturrekorder gebrach. Zu Lytton gouffen matt 49,6°C de kanadeschen Temperaturrekord gebrach, dee virdrun bei zirka 45°C aus dem Joër 1937 loung. Och zu Portland gouff et matt 46,6°C en neien Hechsttand. An Olympia a Quillayute goufen déi vireg Rekorder mat ongeféier 6°C iwwerschratt, Salem war souguer 9°C iwwer sengem fréiere Temperaturrekord. Dës Hëtztwell ass eng vun den abnormalsten, déi zënter Ufank vun den Opzeechnungen enregistréiert ginn ass. Et gëtt och geschat, dass iwwer 1000 Lait un dëser Hëtztwell gestuerwe sinn.


Dann sinn an eise Käpp natirlech och nach d’Iwwerschwemmungen aus dem Juli präsent. Extrem Nidderschléi (an engem Dag esou vill wéi soss an engem Mount) hu Mëtt Juli davir gesuergt, dass uechter d’Land d’Waasserspigelen op Rekordniveauen geklomm sinn. Esou ass zum Beispill d’Uelzecht zu Hesper op ëm 4,5 Meter (normal: 0,5m) geklomm, d’Sauer zu Rosport op iwwer 9 Meter (normal: 1m) oder d’Musel zu Stadtbriedemes op ëm 5 Meter (normal: 2m). Des Iwwerschwemmungen hunn fir risege Materialschued gesuergt a hunn och deelweis Existenzen zerstéiert. De versecherte Schued zu Lëtzebuerg bedréit laut der Assurancen-Associatioun ACA op d’mannst 120 Milliounen Euro, ouni den onversecherte Schued dobäi ze zielen. An eise Nopeschlänner Belsch (41 Doudeger) an Däitschland (zirka 190 Doudeger) huet dësen Extremreen och Liewe kascht.


Am Moment brennen och d’Bëscher a Südeuropa, besonnesch schlëmm an der Tierkei, a Griichenland an an Italien. An der Tierkei sinn iwwer 150.000 Hektar verbrannt. A Griechenland goufen iwwer 500 Feier enregistréiert an dausende Lait hu missten hier Doheemer verloossen fir sech a Secherheet ze brengen. Zengdausenden Hektaren sinn och an Italien verbrannt. E Bleck op d’Statistiken weisen, dass des Zoustänn ausserhalb der Norm laien. Dobäi kommen och nach Bëschbränn soss op der Welt, wéi zum Beispill a Russland/Sibirien, wou den Damp vun de Feier bis zu 3.000 Kilometer fortzitt. An da brennt et och nach an aneren Hotspots ewéi Nordamerika, dem Amazon an Afrika, wéi een op der NASA hierer Kaart ka gesinn, vun dene kaum riets ass.


Wéi eng Schold dréit den Klimawandel?


Dëst si Beispiller vun Extremer, déi Joërhonnertevents solle sinn. Dës Extremer op de Klimawandel zreckzeféieren, ass awer komplizéiert. D‘Klima ass nämlech, vereinfacht gesot, d’Moyenne vum Wierder, an dat kann nemmen iwwer e gewessenen Zaitraum festgestallt ginn. Isoléiert Eventer op de Klimawandel zreckzeféieren, geet also nëmmen iwwer e gewëssenen Zäitraum, dee Wëssenschaftler oft iwwer Joëren, wann net esou Joërzengten, feststellen. Ob déi uewen erwähnten Eventer also op de Klimawandel zreckzeféieren ass, ass schwéier ze soën. Een eenzegt Joër Bëschbränn kann also net direkt un de Klimawandel attribuéiert ginn. Och Hëtzt elleng verursaacht net direkt Feier an aner mënschlech Aflëss spillen och eng Roll. Dat mecht d’Diskussioun em de Klimawandel sou komplex, zumools bei Klimaleugner, déi emmer rem einfach Argumenter fannen.


D‘Klima ass d’"Moyenne vum Wierder", an déi kann nëmmen iwwer e gewessenen Zaitraum festgestallt ginn. Isoléiert Eventer op de Klimawandel zreckzeféieren, geet nëmmen iwwer e gewëssenen Zäitraum, oft iwwer Joërzengten. Dat mecht d’Diskussioun em de Klimawandel esou komplex.

De rezente Rapport vum Weltklimarot IPCC, deen ufanks der Woch erauskomm ass, beleet eng düster Tendenz. Et gëtt eng “héich Wahrscheinlechkeet”, dass de Planéit sech schon bis 2030 em 1,5 Grad erwierme kéint. Matt Secherheet wäert et spéitstens 2040 de Fall sinn.


Als Rappel: d‘1,5-Grad-Zil wor 2015 bei der Klimakonferenz zu Paräis festgehal ginn a sollt d’Limit vun der Erwiermung vum Planéit bis 2100 définéieren par rapport zur pré-industrieller Zäit. Aktuell huet sech de Planéit schon em 1,1 Grad erwiermt.


D'Perspektive fir eng 1,5°C Erwiermung maache Suergen. De Rapport seet global viraus, dass ee méi oft Hëtztwellen, Platzreen oder ähnlech Phänomener waert observéieren, an dass des och méi laang unhale wäerten. An allen Deeler vun der Welt ouni Ausnam wäerten extrem waarm Deeg eropgoen. Méi prezis fir Europa: A Südeuropa kënnen d'Drëchenten an der Zukunft eropgoen, am Norden gëtt et méi staarke Reen - an eng Erhéijung vun den Hëtztwellen ass iwwerall ze erwaarden. Et wäert méi Wierderextremer a stabil Wiederlagen ginn. De Klimawandel erhéicht och d'Wahrscheinlechkeet datt Hëtztwellen an Dréchenten oder staarke Reen a Stuerm gläichzäiteg optrieden.


Wann een also Parallelen zu de rezente Extremeventer zitt, wäerten dës Eventer matt méi enger grousser Regelméissegkeet passéieren, och wann een se genau viraussoë kann. Laut dem Entworfbericht vum IPCC iwwer d’Konsequenze vum Klimawandel, deen ugangs 2022 soll erauskommen, wäerte bis zu 93 Millioune Leit am nërdleche Mëttelmierraum bis d‘Mëtt vum Joerhonnert regelméisseg héich oder ganz héich Hëtztbelaaschtungen ausgesat sinn. An et gëtt och eng Prognose wat Bëschbränn ugeet: Dat verbrannt Gebitt kéint bis zu 87 Prozent eropgoen wann d'Temperaturen duerchschnëttlech weltwäit ëm zwee Grad klammen. Bei dräi Grad méi kéint et souguer 187 Prozent sinn.


Klimakris 2030 – Klimaneutralitéit 2050?


Eng Zuel, déi mech weider beschäftegt, ass 2050 (oder 2030…). 2050 wellen eng Rei vu groussen Industrienationen, dorënner och Europa als Union, “klima-neutral” sinn. Dat heescht, dass keng Emissiounen méi dierfen ausgestouss ginn.


De rezente Rapport vum Klimarot schwätzt elo awer vun 2030. Den Datum vun 2030 kennt awer kengeswegs iwwerraschend. Zum Beispill gëtt an engem Passage op Wikipedia (Link) erwähnt, dass den „CO2 Budget“ (d’Zomm un CO2, déi d’Mënschheet ausstoussen dierf, bis d‘1,5°C Zil erreescht ass) bis 2028 konsomméiert sinn. Eng simpel, linear Projectioun vun den CO2 Wäerter, déi ech schon d’läscht Joër erstallt hunn, weist och op deen Zaitraum hin.


D’Logik hannert den 2 Datumer ass, dass mer zwëscht 2030 an 2050 op Kredit vun der Zukunft wäerten liewen. Dat heescht, dass zwëschent 2050 an 2100 esou vill CO2 erem muss aus der Atmosphär éliminéiert ginn, wéi zwëscht 2030 an 2050 ze vill ausgestouss ginn ass, fir dass mer 2100 just bei 1,5 Grad Erwärmung sinn. An der Zwëschenzait ginn et awer hechstwaarscheinlech Erwiermungen, déi wäit doriwwer eraus ginn. An no 2050 vertraue mer op Technologien, déi haut knapps entweckelt sinn. Mer drecken de Problem also weider virun eis ewech.


Eng Gesellschaft – ass dat dann net d’Zesummeliewe vu jiddferengem amplaatz d’Gleck vun dem Eenzelnen?


Sinn ech pessimistesch wann ech dat hei schreiwen? Villäicht. Sinn ech skeptesch, wann ech un d’Zukunft denken? Villäicht och, a secher emmer méi matt der Zait. Mee am meeschten Kappzerbrieches maan ech mir, wann ech un d’Natur vum Mënsch denken, deen an der Leeschtungsgesellschaft vun haut no der Maximisatioun vum eegene Gleck striewt.


Hei wëll ech e Wuert iwwer eis Gesellschaft verléieren: op der Alterspyramid fënnt en, dass 50% vun der Bevëlkerung méi al wéi 40 Joër ass. Vun de „Jonken“ hunn 20% manner wéi 18 Joër, 15% sinn zwëscht 18 an 30 Joër a 15% sinn zwëscht 30 a 40 Joër. Wann een d’Aarbechtswelt kukkt, esou stellen d’Letzebuerger nemmen 27% vun der aktiver Bevölkerung zu Letzebuerg duer an de Staat ass matt Oftstand de gréissten Employeur. Ouni ze pauschaliséieren, sinn dëst Plaatzen matt vill Secherheet a gudde Konditiounen, déi d’individuell finanziell Planungssecherheet méi oder wéineger garantéiert a wou ee sech wéineg Suerge muss maachen, wat iwwer säin eegent Emfeld ewech passéiert. Dës Gesellschaftsstruktur steet net grad fir vill Bereetschaft zum Changement oder eng zukunftsorientéiert Politik fir d’next Generatioun, an deer Problemer ewéi de Klimawandel am Zentrum sinn.


An da kommen dozou nach méi tangibel Problemer ewéi d’Wunnengsnout an engem iwwerdeierte Marché, wou mer weder an d’Héicht nach an d’Breed welle bauen, mee och d’onbebauten Terrainen net besteiere wellen. Oder den Edukatiounssystem, dee matt Quereinsteiger iwwerschwemmt gëtt, well et net méi genuch Personal gëtt. Oder d’Forchette zwëscht aarm a räich, déi emmer méi grouss gëtt. An net ze vergiessen natirlech d’Suergen em d’Pandémie ... Esou Problemer préoccupéieren d‘Lëtzebuerger waarscheinlech méi wéi de Klimawandel, och wann d’rezent Iwwerschwemmungen villäicht eng Aart Warnsignal waren, wat an Zukunft méi regelméisseg op eis zoukënnt. Et ass dem Bierger also net ze verdenken, dass de Klimawandel keng prioritär Suerg ass.


Fir dese Phänomen op de Lëtzebuerger erofzebriechen an de Klengbierger verantwortlech ze maachen, ass natirlech net fair. Mee awer weise Cafésparolle ewéi “firwat soll ech mech als Eenzelnen änneren wa mäi Noper et och net mecht?”, “wat brengt main Effort zu Lëtzebuerg, wann d’grouss Pollueueren ewéi China oder d’USA souwisou un allem Schold sinn” oder “déi 100 gréissten Entreprisen si verantwortlech fir 70% vun den Emissiounen”, wéi wéineg responsabel mir eis als Individuen spieren. Schliesslech si mir Bierger et awer, déi am Alldag d’Décisiounen mam Porte-Monnaie huelen an eis Stëmmen bei de Walen verginn, an esou ass de Kollektiv net ouni Schold un deser Kris. Mir wellen emmer méi, fir emmer manner Suen. An engagéieren eis och politesch a gesellschaftlech net genuch fir dese Sujet.


Wéi soll also eng Mass un Individuen, wou indiviudell an net kollektiv Ziler am Mëttelpunkt stinn, an déi knapps un de Klimawandel gleewen (enger rezenter Fro op RTL no “nëmmen” 63% …), systemesche Wiessel provozéieren...? Réicht, wann et vrun eiser eegener Dier brennt (oder: naass ass...), spiere mir eis betraff. Mee dann ass et scho längst ze spéit, an an der Zwëschenzäit reege mer eis léiwer iwwer d’Milliardären op, déi an de Weltall fléien.


An do ass et och d’Responsabiliteit vun de Medien, d’Thema méi regelméisseg opzegraiffen. Grouss, renomméiert Sitten ewéi de Spiegel, den Economist oder d’Financial Times hunn dem Klimawandel mëttlerweil eege Rubriken zougedeelt. Den RTL huet e Coronaliveticker, mee d’Klimaproblemer pakken et nemmen allzeselten an d’Iwwerschrëften (och bei anere Medien natirlech). Wat och verständlech ass, diskutéiere mer zu Lëtzebuerg dach all ze gaer iwwer Polemiken ewéi Gaardenhaischercher, de Bock zu Gréiwemaacher oder e wéivill Permisen iwwer d’Nuecht agezu ginn. Mee wäitsiichteg Sujeten dépasséieren eis als Gesellschaft. Wéi soll dann och de Klengbierger un déi néideg Informatioune kommen, wann eis Medien de Sujet net genuch thematiséieren? A wann d’Edukatioun à la base de Sujet och net genuch enseignéiert ?


Quo vadis?


Wéi gesäit d’Zukunft aus? Den détailléierte Rapport vum IPCC iwwer d’Konsquenzen vum Klimawandel kënnt eréicht ufanks 2022 eraus, wéi virdrun kuerz erwähnt. Op de grousse Linnen ass et awer secher, dass d’Wierderextremer zouhuelen, wéi schon heidriwwer beschriwwen. Da ginn et och nach sekondär Konsequenzen ewéi Ressourceknappheet, Migratioun, an an an ...


An engem rezente Interview mam Klimatolog Andrew Ferrone, dee Lëtzebuerg am Weltklimarot vertrëtt, wier et probabel, dass bis d’Joer 2100 d‘Temperature bis zu 3 Grad an d’Luucht ginn. „Pro Grad méi klëmmt och den Undeel vun der Loftfiichtegkeet ëm 7%. Den Andrew Ferrone huet erkläert, datt dat dann dozou féiert, datt et och méi reent, an et dofir och zu méi Iwwerschwemmunge ka kommen. Hei zu Lëtzebuerg géing ee mierken, datt d’Staarkreen-Néierschléi zouhuelen, an dat géing wuel och esou weidergoen.“


Da stellt sech natirlech d’Fro, op wéi enger Welt mir liewe wellen. Ech kommen an den Alter, an deem ech u main eegenen Nowuess denken. Do kann ech dach net einfach just soen, deem waert et scho gutt goen an d’Problemer gi schon all geléist, an ech kukken no an der Zwëschenzäit? Et ka mer dach net egal sinn? Ech kann dach net a menger letzebuergescher Bull bleiwen, a soen, et gett alles gutt? Wann eisen Nowuess bis an d’Pubertéit kennt, a keng Perspektiven huet? Wann si matt Klimakatastrophen opwuessen an engem destruktiven Emfeld wou Bëschbränn, Hetztwellen an Reen zur Normalitéit gehéieren? Wat huet eis Generatioun, an déi vun eisen Elteren, gemaach, fir dat ze verhënneren?


Dat loossen ech emol alles dohigestallt. De rezente Rapport vum IPCC ass op allefall e Realitéitscheck, deen zwangsleefeg weise wäert, wéi eescht d'Regierunge Klimaschutzprobleemer wëllen huelen. Wann den Emissiounsniveau weider héich bleiwt, wäerte mir eis Klimaziler op allefall net erreechen, a wäerten eng düster Réalitéit virausgesinn.



Méi zum Sujet Weltklimarapport:


https://www.ipcc.ch/report/sixth-assessment-report-working-group-i/ (de Rapport)

https://www.quarks.de/umwelt/klimawandel/so-steht-es-wirklich-um-unser-klima/

https://www.spiegel.de/wissenschaft/mensch/ipcc-weltklimabericht-1-5-grad-koennte-schneller-eintreten-als-angenommen-a-444d2136-92e4-4feb-bf52-982e2b6c9025


… an en alen Artikel matt e puer Tipps, wéi all eenzelne ka contribuéieren:


https://www.klyme.online/post/6-klima-virsaetz-fir-all-mensch




904 views1 comment

Recent Posts

See All