top of page

Wéi de Corona de Klima gerett huet – eng Perspektiv

Updated: Apr 19, 2020


Duerch de Confinement vun der Corona-Krise goufe mir vun haut op muer an e ganz néien Art de vivre katapultéiert. Bleiw doheem! Dobäi beniwwelt een eis mat engem Attribut vun fréier : der Solidaritéit (footnote: des zielt just net fir d’Indépendanten, déi sinn nämlech all, sans exception, räich). Bref, d’Konsequenzen vum solidareschen Shutdown maache sech elo schonns bemierkbar.


Ech plaidéieren dass den COVID-19 laangfristeg eng positiv Influenz op eise Planéit an eist Wuelbefannen huet! How comes? Erlaabt mer, Iech op eng Zäitrees an eis post-Corona Welt ze féieren.


No Corona wäert een net méi am Stau stoën


Mir sinn am Joër 2022: d‘Patronen an d’Salariéen hunn den Télétravail fir sech entdeckt. Dee gëtt och ëmmer méi effikass, well een den Télétravail flexibel, fir limitéiert Zäitspanen an op eng regelméisseg Aart a Weis agefouert huet. Hei e simplifiéiert (a simplistescht) Beispill: Soë mer, dass Télétravail-eligibel Salariéen jeweils 1 Dag an der Woch am Télétravail schaffen (=20%). Doduerch sinn déi 20% Moies net um Wee op d’Schaff. Dëst reduzéiert d’kritesch Mass un Autoen déi zum Stau féieren an et kënnt ee gutt duerch de Verkéier. Enfin!


Ma och de Patron huet vill gewonnen, well duerchgoënd 20% manner Léit am Büro sinn. Dëst bedeit, dass en „20%“ manner Büros-Fläsch loune muss. Wann een dëst mat de m2-Präisser fir Büro’s Gebaier op eng Wo leet, ass d’Rechnung séier gemaach (35 €/m2 an der Stadt wou e Salarié an der Regel 10m2 ze gutt huet = 350€ de Mount x 20% vun der Unzuel vun de Salarien). Den Impakt ass zeguer méi héisch wann d’Längt vum Télétravail eropgesat gëtt (z.B. op 2 Deeg d’Woch). Heivu profitéiert net nëmmen de Patron, ma all Mënsch op der Strooss, a virun allem de Salarié dee kann vun doheem aus schaffen.


De Klima gewënnt dobäi awer och, an dëst direkt op puer Instanzen: manner Autos-Verkéier a manner Stau (!) wäerte manner CO2 ausstoussen. Manner (grouss) Bürosgebaier wäerten och manner CO2 ausstoussen (i.e. Heizen), an et muss à long terme och proportionell gesinn manner gebaut ginn, wou dann de gewaltegen CO2 duerch d’Constructioun agespuert wäert ginn. Dëst heescht am Kloertext net, dass manner gebaut gëtt, mee dass ee vum Immobilier Commercial op den Immobilier Résidentiel eriwwergeet (wou dann d’Penurie vu Wunnenge gekierzt gëtt).


Win-Win !


No Corona ësst een, wat am Gaart wiisst


Duerch déi vill gepriedegt Solidaritéit stellt sech eraus, dass vill Lait elo lokal Produiten kafen. Letz shop! Jo, och d‘Wochemärt genéissen eng frësch Popularitéit a schéissen op e puer Platzen am Land aus dem Buedem. E social bashing ass entstane wann een net déi lokal Baueren, Wënzer, Commerçanten, Handwierker a Kënschtler ënnerstëtzt. Vill Lait hunn den urban gardening oder d’Kachen en famille entdeckt. Konsequenz: Äerdbier am Dezember oder den argentinesche Steak sinn out! Och Toiletten-Pobeier keeft een net méi op Amazon well een nach Reserven vum März 2020 iwwereg huet.


Des Erkenntnisser ënnerstëtzen net nëmmen eis lokal Wirtschaft ma och eise Klima: onnéideg Transportweeër falen ewech, iwwerfläschlech Verpackungen och. Duerch d‘Wertschätzen vun eise lokalen Produiten entsteet och kee Präisdumping méi op d’Käschten vum Klima.


No Corona wäert een net méi aus puerer Langweil consomméieren


Am Confinement huet een Zéit mat Famill a Frënn (online), ma och an der Natur verbruecht. De Confinement huet ee geléiert kachen, bitzen, liesen, lafen, spillen oder an de 4 Wänn ze tüftelen. Dobäi huet ee reegelrecht verléiert aus puerer Langweil shoppen ze goen. Virun Allem awer gouf duerch d‘ekonomesch Kris déi mir nom Corona matmaachen, d‘Menschlechkeet - an net de Materialismus - nees an de Virdergrond gestallt.


Corona huet de Mënsch geheelt vu sengem Dopamin-Mangel deen e fréier nemmen duerch maslosem Konsum befriddegen konnt. Fast fashion, obsolescence programmée et companie sinn Geschicht, an den helle Consommatiouns-Wahnsinn gouf gebremst. De Klima seet Merci: manner Ausstoussen vun CO2 bei der Produktioun, dem Transport (aus weiter Ferne) an der Entsuergen (in weite Ferne) vum onnéidegen Materialismus.


No Corona wäert ee méi bewosst Reesen


Onbekëmmert an exzessiv Reesen krut (leider?) en Enn. Ech karikaturéieren, mee deen, dee Méindes op London, Dënschdeg op Mailand, vun do op Berlin, fir dann iwwert Paräis nees fir de Weekend op Lëtzebuerg heem kennt, deen huet festgestallt dass d’Technologien et haut och erlaben vun heiheem aus ze schaffen. Et muss een net méi ëmmer iwwerall physesch present sinn. Doduerch spuert een net nëmmen vill Transport- an Logementskäschten, ma virun allem och vill Zäit. Ech berouegen iech, de Mënsch geet nach ëmmer senger Wanderlust no, ma well wärend 2 Joer kee méi an e Fliger geklommen ass, kritt een den Aller-Retour op Barcelona net méi fir 49 €.


Flughäfen a Flug-Gesellschaften sinn net frou doriwwer. De Planéit awer em esou méi wann ee kuckt wéi vill CO2 elleng duerch Passagéier-Vollen fréier ëmmer an d’Ëmwelt gepompelt goufen (Tendenz steigend). (footnote: Luxair Tours bleiwen awer ausgebucht! Mir wëlle schliisslech bléiwen wat mir sinn.)


Zréck an den jetzt und hier. Op d’Corona Krise elo des Ännerungen zu Gonschten vum Klima mat sech bréngen wäert, bléift gewëss. Fir awer weider an der Klimakrise mam Fanger ob déi aner ze weisen, fir vun onsem eegenen Feelverhalen ofzelenken, klappt no Corona net méi...


…well soss muss een och - wéi e gewessen Präsident - China, den Demokraten an der WHO elleng d‘Schold un der Corona Krise ginn...


 

Dëst ass dem Christophe Nicolay säin éischten Optrëtt op klyme. Iwwert sech seet de Christophe: "Ech probéiere matt menge Contributiounen op dësem Blog Denkustéiss a Léisungen zu aktuelle Problemer ze liwweren. Wat beweegt de Mënsch? Wat sinn d’Problemer vun haut, ma virun allem vu muer? Wéi eng Innovatiounen oder politesch Akzenter wieren noutwenneg fir dës Problemer ze léisen?"

 


642 views1 comment

Recent Posts

See All
bottom of page