Nohalteg investéieren … geet dat iwwerhaapt ?

Updated: Feb 6

Disclaimer: Dësen Artikel illustréiert meng perséinlech Vue an Opfaassung zu dësem Sujet. En enthällt zu kengem Fall Recommendatioune fir Suen unzeleeën.

  • Et ginn e puer Méiglechkeeten, nohalteg z’investéieren. Esou wéi all Mënsch seng Risikotoleranz huet, esou muss och all Mënsch matt sech ausmaachen, wat hien enner „nohalteg“ oder „greng“ versteet.

  • Den nohaltege Jargon ass omnipräsent: „ESG“ oder „SRI“ heescht awer net automatesch greng investéieren. Deementspriechend Labelen an Denominatioune sinn och keng Garantie dass de Produit esou nohalteg ass, ewéi drop steet.

  • Als Land bleiwt Lëtzebuerg nach vill Loft no uewen, fir sech als nohaltege Leader ze positionnéieren. Als weltwäit zweetgréisste Fongeplaatz hällt Lëtzebuerg all d'Hiewelen an sengen Hänn.

Och Dir hutt Iech vlait scho gefrot: soll ech an eng Immobilie investéieren? Oder awer léiwer an eng Aktie oder eng Obligatioun? Oder léiwer a Gold, oder vlait souguer an de Bitcoin? Oder brenge mir d’Suen um Konnt awer am meeschten? A wéi maachen ech et, wann ech nohalteg well investéieren?


Vill Lait fille sech vlait net betraff vun dësem Sujet op den éischte Bleck. An awer ass all Bierger iegendwéi matt der Fro konfontéiert, ob a wéi een e gewëssen Deel vu sengem Verméigen verwalt. Sierf et fir ze spueren, seng Gestioun aktiv ze gestalten oder awer aus legalen Obligatiounen (zum Beispill fir d‘Altersvirsuerg/Pensiounen).


Et gi vill Méiglechkeeten, mee oft nëmme limitéiert Optiounen fir de Privatmënsch. Haut beschäftegen ech mech dowéinst méi konkret mam Thema: nohalteg investéieren.


Nohalteg investéieren ... wat ass dat?


Laut enger Studie wëssen 55% vun de Lait net, dass eng nohalteg Approche fir ze spueren oder ze investéieren iwwerhaapt méiglech ass. Dir sidd also net elleng, wann Dir Iech frot: Nohalteg investéieren ... wat ass dat iwwerhaapt?


Ech illustréieren mäi Verständnis vun „nohalteg“ oder „greng“ investéieren anhand vum Graphik heidrënner. Dobäi ginn et e puer Niveauen:

  1. Et ginn Investoren, déi intresséieren sech just fir de finanzielle Retour vun hiere Participatiounen. Et fléisse keng nohalteg Kritèren matt an den Decisiounsprozess.

  2. Et ginn Investoren, déi loossen zwar emweltlech, sozial a governance („ESG“) Faktoren an hier Analyse matt afléissen. Si entscheeden awer nëmme géint net-nohalteg Titren, wann dës e Risiko fir d’finanziell Performanz vum Portfolio duerstellen.

  3. Et ginn Investoren, déi schléissen par défaut verschidde polluant oder kontrovers Industrien aus hierer Selectioun aus. Dat kënnen d’fossil Energien sinn aus engem Klima-Point de Vue, mee awer och aner Industrien ewéi Tubak, Alkohol, Pornographie, Glecksspill, Waffen, Chemikalien, Déieregewalt, etc.

  4. Et ginn Investoren, déi verfolgen eng „Best-In-Class“ Strategie. Si investéieren dobäi a Firmen, déi déi bäscht aus hierer Industrie sinn anhand vun nohaltege Kritèren. Et gëtt och oft mam Punkt 3. verbonnen. Dëst ass awer nach keng Garantie, dass een automatesch an nohalteg Solutiounen investéiert. Sou fënnt een zum Beispill oft déi „üblech Verdächteg“ Inditex (Mammegesellschaft notamment vu Zara), Amazon, Facebook oder Microsoft an esou Kategorien, wëll déi eng „besser“ nohalteg Performanz hunn, ewéi d’Konkurrenten. D‘Approchen 2., 3. a 4. ginn och duer, fir sech en „ESG“ Stempel ze ginn.

  5. Et ginn Investoren, déi thematesch just a sozial- an emweltfrëndlech Entreprisen investéieren. Am Ennerscheed zu Punkt 4. investéiert ee just a Sektoren oder Entreprisen, déi eng positiv Kontributioun zu nohaltege Kritèren maachen, zum Beispill exklusiv an erneierbar Energien. Dës Approche gëtt och oft matt „Impact Investing“ verbonnen.

  6. Da gëtt ofschléissend och nach den Deel Philanthropy, wou d’finanziell Performanz u läschter Stell kënnt.

Source: eegen Illustratioun inspiréiert vu verschiddenen online Sourcen. De Graphik heescht NET, dass vu lenks no riets manner finanziell Performanz ass. Et ass just eng Kategorisatioun.


Wéi kann een nohalteg investéiren?


En éischte, wichtege Schrëtt ass et, dass jiddferee fir sech selwer définéiert, wat „nohalteg“ oder „greng“ bedeite soll a Relatioun matt sengen Investissementer.


Einfach gefrot: Geet et iech duer, dass dir just an engem „Best-in-Class“ oder an engem „ESG“ Fong oder Aktie sidd? Oder wëllt dir exklusiv a Klima-relevant oder greng Solutione vu muer investéieren?


An dann däerf een och net vergiessen, dass investéieren primär eng Verméigensverwaltung ass an dass de Rendement an d’Appréciatioun vum Risk dowéinst och Kritère bleiwe mussen. Jiddfereen huet eng gewesse Risikotoleranz, déi een artikuléiere muss an a Fonctioun vun deeër een investéiere soll.


Déi essentiell Fro ass: wéivill Suen sinn ech bereed an engem worst case ze verléieren, fir long-terme e gewëssene Rendement ze hunn? Dat sinn déi berühmt MIFID Questionnairen, déi all Persoun iwwer säi Gestionnaire ausfëlle muss, éier an Dépotskonnt opmecht. Do fannt dir dann eraus, wéivill dir a wéi eng Zocht vun Titren dir investéieren dierft, zum Beispill wéivill % an Aktien oder wéivill % an Obligatiounen.

Wann der bis eemol fir Iech erausfonnt hutt, wat dann elo äer finanziell an nohalteg Präferenze hutt, stellt sech natirlech d’Fro: wéi kann ech meng Suën dann elo, en Fonctioun vun dëse Präferenzen, nohalteg uleeën? Fir d’Privatpersoun bleiwt do oft naicht anescht iwwreg, wéi sech u seng Bank oder säi Gestionnaire ze riichten.


Do kritt een dann oft Fonge proposéiert, déi eng gewëssen Denominatioun hunn [ESG, Best-In-Class, Climate Transition, Sustainable Future... you name it], fir de Fong als nohalteg ze positionnéieren, oder och Recommandatiounen fir direkt an Obligationen oder Aktien ze goen, déi eng gewësse Positioun an dem nohaltege Spectrum hunn.


Wat offréieren meng lëtzebuerger Banken?


D‘lëtzebuerger Banken offréieren hiere Clients eng ganz Spacht u Fongen, sierf et der déi se selwer géréieren oder vun externe Gestionnairen. Leider bezéien oft nëmmen eng Minoritéit vun dëse Fongen nohalteg Kritèren an den Décisiounsprozess.


Dat läit wuel drun, dass déi konventionell Gestioun vu Fongen och vill op Diversifiéierung sëtzt, fir de Risiko ze minimiséieren a parallel d’Gewënner ze maximiséieren. An do spille kontrovers Sektoren, notamment dee vun der Energie, oft nach eng droënd Roll an der klassescher Analyse.


Dobäi gëtt et awer haut schon eng Rei vu Pabéieren, déi beleeën, dass „ESG“ Fongen opmannst net méi schlecht performéieren, wann net esouguer besser, ewéi pur gewënn-orientéiert Fongen. Desweideren reduzéiert d’Analyse vun ESG Faktoren och de Risiko vum Portfolio.


Ech ginn awer och e puer Beispiller, déi mech optimistesch Stëmmen, ouni awer wëlle Reklamm fir eng Bank ze maachen.


D’Spuerkeess [oder: BCEE Asset Management] huet lo rezent zwee Fongen erausginn: de Bond Green an den Equity Green. De Bond Green Fong wëll dem Client d’Méiglechkeet offréieren, an de Klimawiëssel ze investéieren déi laut Bloomberg an/oder der Climate Bonds Initiative „greng“ sinn. Fir de Green Equity Fong ass d’Approche, dass en net dierf a verschiddene Sektoren investéiert sinn (Exklusioun notamment fir fossil Energien, mee och Tubak, Alkohol oder Loterie) respektiv a Firmen investéiert déi e Commitment alignéiert matt den 2°C Objektiver huet.

D’Banque de Luxembourg [oder: Banque de Luxembourg Investments] huet de Sustainable Horizon Fong, deen eng Rei vun nohaltege Kritèren matt an d’Décisioun afléisse léisst. Esou huet de Fong zum Beispill manner CO2 intensiv Firmen oder Firme matt manner soziale Konflikter am Portfolio, ewéi d’Moyenne [de „Benchmark“]. Et bleiwt awer e Fong dee virun allem a grouss oder mëttelgrouss Firmen investéiert, ewéi zum Beispill Unilever, Danone oder Kimberly Clark – e wielt just déi Firmen aus, matt der relativ besserer ESG Performanz.


D’BGL kann op eng méi grouss Gamme vu Fongen zreckgräifen, well dës vum Mammenhaus BNP Paribas verwalt ginn. Et fënnt een eng ganz Rei u Fongen, déi nohalteg géréiert ginn, notamment em d’Thematiken vum Klimawiessel, Waasser, Iessen oder Gesondheet.


Aner lëtzebuergesch Banken gräifen och op d’Expertise vun externe Gestionnairen zreck. D’BIL huet och eng ganz Offer vun ESG an thematesch Fongen, och wann dës Fongen net intern verwalt ginn. Déi thematesch Fongen ennerstëtzen Thematiken ewéi Klimawiessel, Sustainable Food oder Waasser. D’Raiffeisen schafft matt Vontobel, fir hier ESG Approche ze déterminéieren.


De fil rouge an der ganzer Diskussioun bleiwt awer nach, wéi all eenzelnen „nohalteg“ oder „greng“ fir sech définéiert – an ob d’Bank dat selwecht Verständnis vun deeër Definitioun huet.


Hunn ech eng Assurance, dass déi Produiten oder Fongen dann och wirklech nohalteg sinn?


Zu Lëtzebuerg ginn et puer Institutiounen, déi d’Nohaltegkeet vu Fongen an Obligatiounen zertiféieren: Luxflag oder d’greng Bourse. Et ginn natirlech op internationalem Niveau och nach aner Labelen.


Luxflag analyséiert Fongen op Nohaltegkeet an huet laut hierem Press Release am September 303 Fonge gelabelled. Dovu sinn der 236 „ESG”, 34 an der Mikrofinanz, 21 a „Green Bonds“, 7 an der Emwelt a 5 am Klima.

Graph: eegen Illustratioun - Infosource : Luxflag


All Label ass dobäi ëmmer nëmme sou gutt wéi seng Definitioun. Wann äere Banquier iech seet, de Fong wier Luxflag gelabelled, da musst dir iech froen, wéiee Label gemengt ass. Den „ESG“ Label kukkt nämlech nëmmen, ob d’Fongen sech op d'Integratioun vun Ëmwelt-, Sozial- a Governancefaktoren an den Investitiounsprozess fokusséiereren, fir informéiert Entscheedungen ze treffen. Et forcéiert awer keen, esou eng Performanz ze généréieren oder aktiv a klima-relevant Sektoren z’investéieren: dovir gëtt et jo de Klima Label.


Ech huelen dowéinst och ee Beispill, fir d’kontrovers vun de Labelen an déi vun de Banke gewielten Dénominatiounen z’illustréieren. De „CPR Invest - Climate Action“ sollt der Dénominatioun no jo no engem Fong klengen, dee gutt fir d’Klima ass: en heescht emmerhin Climate Action an en huet de Luxflag „ESG“ Label. Ech misst mir also bal secher sinn, dass do nemme guddes dran ass. Ech froe mech awer och direkt schon: firwat huet de Fong net de Klima Label, dem Numm no investéiert e jo fir d‘Klima.


E Bleck op de Portfolio vum Fong weist dann och, wisou e sech nemmen den ESG Label verdengt: et si wuel keng schiedlech Titren dran, mee matt Orsted a First Solar sinn och just zwee Titre dran, déi a klima-relevante Sektor investéiert sinn, fir c. 3% vum Fong. Da si matt Equinor, EDP a Repsol och nach dräi Entreprisen dran, déi nach signifikativ op fossil Energien baséiert sinn, mee sech awer fir eng Transitioun engagéiert hunn [fir c. 2.5%]. Déi aner Entreprise si gréisstendeels am Secteur tertiaire, der Technologie oder de Consumer Goods investéiert. Dat ass net grad dat, wat ech mir vun engem „Climate Action“ Fong virstellen


Trotz dësem Beispill well ech awer och ennersträichen : de Luxflag Label ass eng super Initiativ an en „ESG“ Fong ass definitiv besser wéi naicht ! Geng nämlech eng kritesch Mass un Investoren just nach ESG Investissementer maachen (zum Beispill an déi mannst polluant Firmen), gengen des „propper“ Firmen besser valoriséiert ginn an an deementspriechend gengen och déi manner propper Entreprisen sech verbessere wellen fir méi Wäert ze ginn. An et däerf een och net vergiëssen, dass vill Investoren, zum Beispill aus Diversificatiounsgrënn ewéi uewe genannt, net auschliesslech an nohalteg oder greng Sektore kënnen oder welle goen.


D’greng Bourse mecht eng ähnlech Analyse ewéi Luxflag, mee op Obligatioune baséiert. All Produit, deen si um „Green Exchange“ lëschten, benotzt Suën, déi duech d’Obligatioun ageholl ginn fir sustainable, social oder green Projeten ze finanzéieren.


D‘Kritèren si kloër définéiert vun internationale Gremien, déi och eng gewëssen Notariétéit um Marché hunn. Déi eenzeg Limite ass wuel, dass d‘Bourse och d’Terminologie vun der People Bank of China (PBoC) akzeptéiert, an do ass „clean coal” oder retrofit vu fossilen Energien och als greng Technologie gelëscht. Dat ass wuel nëmmen en theoretescht Beispill, mee illustréiert, dass et och an dësem Beraich Kontroverse ginn.

Graph: eegen Illustratioun - Infosource : Luxembourg Green Exchange


Fir d’Konfusioun iwwer d’Denominatiounen ze limitéieren, huet d’Europäesch Unioun eng Taxonomie erausbruecht, déi „sustainable“ Aktivitéiten an der Geschäfts- a Finanzwelt regele soll an ab 2022 a Kraaft triede soll. Do sinn relevant Emweltsektoren ewéi Adaptioun un den oder Mitigatioun vum Klimawandel, Zirkular Ekonomie, Pollutioun a Protektioun vu Biodiversitéiert, Waasser an Ecosystemer gelëscht. Et bleiwt ofzewaarden, wéi dës Taxonomie an der Praxis ugewandt gëtt, wëll se léisst nach emmer vill Spillraum fir Interpretatioun an Uwendung an der Fongewelt.


Firwat sinn dann net méi Fonge nohalteg oder gréng?


Den Univers vun den uewe genannte Fongen ass oft de large oder mid cap public equity universe, dat heescht Aktien vu gelëschtene Firmen, déi schon iwwer eng Milliard wäert sinn. Fir d’Obligatiounen sinn et gelëschten Obligatiounen déi och vu Firmen matt enger gewëssener Maturitéit erausgi ginn.


Op der anerer Säit si „greng“ Firmen oft nach méi jonk, wëll d’Sujeten eréicht rezent méi aktuell gi sinn an dowéinst développéiert goufen. Et sinn also oft Firmen, déi nach privat sinn a vun der Gréisst an der Maturitéit hier nach net prett sinn, fir méi e breed Zilpublikum. Et si Firmaën, déi oft vu „private equity“ oder „venture capital“ Fongen ennerstëtzt ginn, an dës Fongen sinn net accessibel fir de Privaten Investisseur, wëll se ze vill illiquid sinn an oft nëmme grouss Zommen investéieren.


Meng Approche


Ech beschäftege mech scho méi laang mam Sujet an hu mech fir eng Variant vu Fongen an eegenen Investissementer entscheed. Ech leeën e puer Beispiller heidrënner offen.


Ech si rezent an e Fong vu BNP Paribas eragaang, de World Climate Carbon Offset Plan. De Fong mecht wuel nëmmen eng „Best-in-Class“ Gestioun an et fënnt ee wuel och Firmen wéi Nike oder Sydney Airport op der Lëscht. De groussen Ennerscheed ass awer, dass de Fong d’Emissiounen vun de Portfolioentreprisen kompenséiert.


Kritiker genge soen, dëst wier eng bëlleg Approche sech greng ze kafen, mee ech hu schon oft erkläert, dass ech iwwerzeegt vu „carbon credits“ sinn : geng all Investor dat maachen, wier all Entreprise vun der Welt CO2 neutral, sous condition, dass d’Offsets u kredibel Organisatioune fléissen. Léiwer hätt ech nach, d’Firme géifen direkt d’Offsets kafen, da wieren et keng Käschten fir de Fong an de Marché kéint décidéieren, ob dat eng Plus-value fir d’Firma ass andeems dës Pratik valoriséiert gëtt.

Dann hunn ech mer nach e Portfolio bei engem Online Trader opgemaach. Do sinn ech direkt an Aktie gaangen déi mech iwwerzeegen well ech un d’Sujete gleewen (also: „high conviction“), manner awer wëll ech eng fundamental Analys vun der Firma gemaach hunn. Ech ginn en Auszuch u Firmen déi ech hei gutt fannen – och wann ee mer kéint unhänken, ech geng en „hype train“ mattfueren.

  • Beyond Meat : vegetarescht Fleesch. D’Fleeschindustrie, notamment rout Fleesch, ass ee vun de gréisste Pollueueren. De Burger [an aner Produiten] vu Beyond Meat si vlait net méi gesond wéi Fleesch, mee op allefall besser fir d’Emwelt.

  • Hoffmann Green Cement : wéi den Numm et seet, "grengen" Zement. Si verspriechen eng 80% Reduktioun vum CO2 par rapport zu normalem Zement, mussen awer nach hier Venten accéléréieren. Deementspriechend wieren si och vlait ze héich valoriséiert an dowéinst ass och e grousse Risiko damatt verbonnen.

  • Re:newcell : recycléierte Cotton. Kleeder sinn haut onrecycléierbar a mir brauchen Solutiounen, fir den net-ze-bändege Konsum nohalteg ze gestalten. Dësen Investment ass, wéi den Zement driwwer, och matt héijem Risiko verbonnen.

  • Orsted : ... wëll ech Offshore Wand super fannen.

  • Tomra : Recycling-Sensoren. Mir brauchen eng high-tech Kollectioun an Trennung vu Knascht wa mir eng zirkular Ekonomie wëllen.

Da ginn et och nach exchange traded funds [ETFs], also Produiten, déi greng Firmen rassembléieren, a wéi Fongen oder Indice performe sollen. Do nennen ech emol den iShares Global Clean Energy als Beispill, deen aus grengen Energiefirmen zesummegesat ass. Et ginn och erneierbaren Energie-Investoren oder Firmaen ewéi Greencoat, Impax oder Encavis, déi och nom éischten Impakt vun der Coronakris impressionant zreckkomm sinn.


Dir fillt Iech net vum Sujet concernéiert?


OK.


Et ass awer och e Sujet, wou een net einfach ewechkukke kann. All Lëtzebuerger ass opmannst indirekt der Thematik vum Investéieren exposéiert, wëll jiddferengem seng Altersvirsuerg vum Pensiounsfong verwalt gëtt: de fonds de compensation [FDC]. An deen ass kontrovers a senger Approche: Do ginn et scho gutt Artikelen vum Jeffrey Drui vun de Jonken Demokraten, dem Fabricio Costa vun de Jonke Grengen oder Greenpeace.


Fakt ass, dass de Pensiounsfong nach signifikativ an de fossilen Energien investéiert ass an och nach weider aktiv dran investéiert. Si verteidegen sech hannert dem „conventional wisdom“ vun der Diversificatioun a Risikominimiséierung: „Les placements doivent respecter les principes d'une diversification appropriée des risques."

Ech wëll och umieken, dass emmerhin bësse manner wéi een Drëttel vum FDC senge Placementer ESG zertifiéiert ass, och wa mir am Laf vun dësem Artikel gesinn hunn, dass dat net ëmmer am Sënn vum Klima ass an Investissiounen a Pollueueren net ausgeschloss sinn. De Fong versprecht och e Rapport en Fonctioun vun de klimarelevante Sektoren fir d’zweet Semester 2020 [wat bal eriwwer ass…], ech si gespaant !


Wat ech wëll illustréieren, ass, dass dëse Sujet immens schleefend traitéiert gëtt an ech mir méi Proaktivitéit vun der Regierung geng wënschen. Gramegna & Co. schmücken sech gaere matt der grenger Finanzplaatz, mee leaden ewéi sou oft net „by example“. Wuel domiciléieren mir déi greng Bourse a Luxflag, mee et muss nach vill geschéien, fir dass Lëtzebuerg sech als Leader an der grenger Finanz kann duerstellen.


Et gi vill Hiewelen, fir dëst emzesetzen, ewéi zum Beispill dass all lëtzebuerg-baséierte Fong misst e Sektor-Reporting maachen a Fonktioun vun der EU Taxonomie [ugefaang mam Fonds de Compensation] an dass dës Rapporten matt der Klientèle musse gedeelt ginn, oder souguer publik gemaach ginn. Wann nämlech all Fong misst offe leeën, dass oft nëmmen niddreg Porportiounen an nohaltege Firme stiechen, gengen d'Klienten vlait méi Froë stellen a méi aktiv no engem Changement fuerderen. Lëtzebuerg ass déi zweetgréisste Fongeplaatz vun der Welt - stellt iech nëmme vir wat dat fir en Impact hätt!


Eng aner Méiglechkeet wier, all lëtzebuergesch Bank oder finanziell Institutioun matt Siège zu Lëtzebuerg ze verpflichten, e Minimum u grenge Produiten am Katalog hunn. Domatt geng een eng Offer krééieren an der Klientèle de Choix ginn, méi nohalteg ze investéieren.


An onsecheren Zäiten ewéi déi akuell ass et grad elo wichteg, dass mir och de Finanzsystem nohalteg gestalten.

D'Source vun de Biller sinn: Pixabay a Wix Library

528 views0 comments

Recent Posts

See All