top of page

Klimaplang 2030

Updated: Apr 18, 2020

Meng Analyse a Positioun zum lëtzebuerger Klimaplang.


 
  • De lëtzebuerger Klimaplang viséiert d’Reduktioun vun den nationalen Emissioun bis 2030 em 55% par rapport zu 2005 a wëll op europäeschem Niveau d’Klimaneutralitéit bis 2050 encouragéieren.

  • De Klimaplang ass alignéiert matt den europäeschen Ziler. En enhällt vill gutt a luewenswäert Pilieren, mee ech fannen et schued, dass d'Regierung d'Geleeënheet verpasst huet, ambitiéis an innovativ Virschléi zemaachen.

  • Bis den 29/03/2020 ass all Intresséierten agelueden, e Bréif matt senge Kommentarer a Virschléi un de Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable ze schecken.

  • De Link zu dem Bréif, deen ech dem Ministère gescheckt hunn, fannt dir hei oder nach emol zum Schluss vum Artikel. Ech lueden Iech an, dëse Bréif als Grondlaach ze huelen, falls Dir Äer Stëmm wëllt ziele loossen.

 

Eng kuerz Iwwersiicht


De Klimaplang définéiert d’Strategie vu Lëtzebuerg an der Matière vum Klima vun 2021 – 2030. Ech begréissen, dass d’Regierung mam Klimaplang eng laangfristeg Visioun fir Lëtzebuerg an der Matière vum Klimawiëssel geschaf huet. Bis 2030 soll Lëtzebuerg seng Emissiounen em 55% par rapport zu 2005 reduzéieren. Dëst ass alignéiert matt der EU, déi Erspuernisser vu 50-55% par rapport zu 1990 cibléiert.


Fir den Energiemix heescht dat, dass bis 2030 opmannst 19.6% vum finalen Energieverbrauch direkt aus lokalen, erneierbare Source komme soll. Parallel solle statistesch Transfere réaliséiert ginn, fir dës Zuel op 25% ze hiëwen (ouni dass dës Energien op eisem Terrain verbraucht ginn). Domatt läit Lëtzebuerg sektorell ënnert de Schlësselziler op europäeschem Niveau fir 2030, déi opmannst 32% erneierbar Energien virgesinn. Den Ausgangspunkt vun 2020 wor fir Lëtzebuerg matt 11.8% awer och schon däitlech ënnert der europäescher Moyenne.

[Source: Klimaplang]


Energie: Stroum, Hëtzt an Transport


D’Energiestrategie ass dem EU Prinzip “energy efficiency first” ennerstallt. Sou soll d’Konsommatioun vun Energie reduzéiert ginn an op erneierbar Energien emgestallt ginn.


Beim Stroum wëll Lëtzebuerg bis 2030 2.251 GWh aus erneierbaren Energien produzéieren. Dat entsprecht ronn enger Verdräifachung vun de viraussiichtlechen 748 GWh vun 2020. D’Solarenergie soll hei den Haaptpillier ginn, wou d’Generatioun vun 197 GWh erop op 1.112 GWh goe soll (+19% pro Joër). D’Wandenergie soll vun 211 GWh erop op 674 GWh goën (+12% pro Joër). Déi aner erneierbar Energieträger wäerten och an d’Luucht goën, dëst vun 341 GWh op 464 GWh (+3% pro Joër).


Flächeméisseg sollt dat fir eist Land kee Problem duerstellen, et geet vill méi drëms, wéi dës Generatioun an de Réseau intégréiert gëtt a wéi de “Grid Balancing” fonktionnéiere soll. Ech si keen Expert an deem Domaine a vertrauen drop, dass déi signifikativ Investissounen an de Réseau, déi de Klimaplang mentionnéiert, duer ginn, fir dëse Problem ze léisen (zum Beispill duech Interkonnektoren an nei Stroumtrassen Richtung Däitschland). Ech hätt mir awer och nach méi e Fokus op flexibel Systemer gewënscht, wéi zum Beispill Späichersystemer oder “Demand Response Solutions”, déi net oft ernimmt ginn am Dokument. Ech hätt mir eng Schätzung gewënscht, déi de konkreten Effekt op de Präis pro Megawattstonn fir den Endverbraucher, déi dës Systemer wäerten hunn, rechent.


Fir d’Hëtzt gesäit de Klimaplang eng Erhéijung vun 1.626 GWh 2020 op 2.551 GWh 2030 fir (+5% pro Joër). Hei wäerte Biomass a Biogas en zentrale Roll spillen an och nei Technologien ewéi Solarthermie oder Hëtztpompelen wäerten intégréiert ginn. Ech fannen et och begréissenswäert, dass méi erneierbar Wärmenetzer solle gebaut ginn. Ausserdem gëtt op d'Sanéierung vu Gebaier gesat an op energieffizient Neibauten, wou de Staat Virreider soll sinn. Hei ass et wichteg, dass, zumols fir d'Sanéierung vun existéirende Gebaier, déi néideg technesch e finanziell Hëllefen zur Verfügung gestallt ginn, sou dass dës Barrièren sou niddreg wéi méiglech sinn.


Am Transportsektor soll den Undeel u Biokraaftstoffer op 10% bis 2030 erhéijt ginn a parallel d’Elektromobilitéit gefërdert ginn. Wärend ech den Emstieg op Elektromobilitéit begréissen, sinn ech mer net secher, ob ee weider vill op d’Biokraaftstoffer soll sëtzen. Wann dës Kraaftstoffer aus organeschen Offäll kommen, mecht et wuel limitéiert Sënn, mee ech begréisse keen Emklammen op Biokraaftstoffer aus Sourcen, déi matt Liewensmëttelubau konkurréieren. Den Haaptanker am Transport ass awer d'Elektromobilitéit: sou soll bis 2030 zu 49% vum Transport elektresch ze lafen an den ëffentlechen Transportsréseau massiv ausgebaut ze hunn.


Ech hätt och nach weider Usätz fir den Individualverkéier, an domatt seng Emissiounen, ze limitéieren: (i) Reform vum Télétravail (zum Beispill wann all Employé bei dem Télétravail technesch méiglech ass, een Dag an der Woch misst/kéint vun doheem aus schaffen, wiere scho manner Autoen op der Strooss, manner Trafic, manner Stau, an doduerch manner Emissiounen), (ii) Reform fir méi Autofräi-Zonen an Autofräi-Momenter, oder (iii) Reform vum Taxi-Gesetz fir abordabel Taxi-Servicer op Lëtzebuerg ze kréien (vill Léit géifen da ganz op hiren Auto kennen verzichten). Fir den (iii) mentionéiert de Klimaplang zwar "mobility-as-a-service", mee et gi keng konkret Propositioune gemaach.

[Source: Klimaplang]


Statisteschen Transfer


De statisteschen Transfer beschreiwt e Mechanismus, deen et op EU Level erlaabt, erneierbar Energiestatistiken zwëscht zwee Memberstiedt ze échangéieren. Esou kéint e Land, wat seng erneierbar Energieziler erreecht huet, engem anere Land dës Energie verkafen.


Et ass luewenswäert, dass de Volumen vum statisteschen Transfer signifikativ erofgesat ginn par rapport zum vireger Versioun (vun 4.833GWh erof op 1.748 GWh fir 2030): dat bedeit méi Responsabilitéit fir Lëtzebuerg an dëser Matière. Trotzdem maachen d’statistesch Transferen nach ëmmer 5.4% vun eisem Sold vun den erneierbaren Energien aus.


Et ass fir mech kritesch, dass mir dës Suën a priori un erneierbar Energieprojet’en verspriechen (also als Finanzement oder als Fërderung fir nei Projet’en). Bis ewell sinn des Gelder a posteriori u Länner ewéi Litauen oder Estland gefloss, wann dës hier Ziler schon erreecht hunn. Bei statisteschen Transferen dierfe mir och just déi Unzuel un Energie beusprochen, déi mir konkret matt finanzéiert hunn respektiv gefërdert hunn, an net, wéi bis ewell, déi mir an engem “Deal” matt engem anere Staat kafen. Ech betounen nach emol, dass d’Energie, déi eis gutt geschriwwe gëtt, och ekonomesch deem Volumen entsprieche muss an och net duebel däerf gezielt ginn.

[Source: Klimaplang]


Ech geng mir och wënschen, dass eise Staat méi eng strikt Trennung zwëscht physikaleschem Stroumfloss (39% gréng zu Lëtzebuerg) an dem Zertifika-Stroummix mecht (55% gréng fir Lëtzebuerg). D’Zertifikaën sinn eng separate Mechanismus zu dem statisteschen Transfer a sollen et erlaben, dem Konsument seng Präferenz fir grénge Stroum um Marché ze signaliséieren. Et ass awer fir vill Stroumfournisseuren e bëllege Mechanismus, fir sech “gréng” ze kafen. Esou menge vill Konsumenten, dass hiere Stroum 100% gréng ass, obwuel dëst net de Fall ass, a sou feelt den Drock fir eppes ze änneren.


Méi zum Thema vum Stroum an de statisteschen Transferen fannt dir a mengen éischten zwee Artikelen (Grénge Stroum zu Lëtzebuerg an Vu wou kënnt de lëtzebuerger Stroum wirklech?)


Investiounsvolumen a Fërderbedarf


Et ginn zwou verschidde Kategorien u finanziellen Ënnerstëtzungen, déi en Energieprojet brauch, fir réaliséiert ze ginn: (i) den Investiounsvolumen (Käschten fir d'Projeten am Developpement an an der Konstruktioun) an (ii) de Fërderbedarf (direkt finanziell Ënnerstëtzung vum operative Geschäft, zum Beispill duech garantéiert Präisser). Hei gëtt (i) oft vun enger Privatfirma oder -investisseur gestämmt wärend (ii) eng finanziell Hëllef vum Staat ass, zum Beispill duech fest Präisser oder Tariffer fir de Stroum aus erneierbaren Anlagen, fir de Rendement vun der Investitioun ze garantéieren.


Fir eis ambitiéis Ziler aus dem Klimplang ze erreechen, gëtt matt engem Investitiounsvolumen vun 150 – 250 Milliounen Euro pro Joër gerechent a matt engem Fërderbetrag vun 180 – 240 Milliounen Euro pro Joër (matt statistesche Transferen 215 – 280 Milliounen Euro). Sou wäert d’Energietransitioun, wéi am Klimaplang définéiert, zwëscht 2021 an 2030, geschaten 4.8 Milliarden Euro kaschten.


Ob dës Zomm vu Privatfirmen oder dem Staat gestämmt gëtt, ass nach net définéiert. Ech denken, dass opmannst de Fërderbedarf vum Staat komme wäert, also 2.7 Milliarden Euro. Dëse Fërderbedarf ass wéi gesot néideg, fir den Investisseuren en attraktiven Rendement op grénge Projeten ze garantéieren, mee e gëtt awer oft vun de Steierzueler gedroën.


Wann een dëse Fërderbedarf an e Präis pro Unitéit emwandelt, zum Beispill fir de Stroum fir 2025 (146.800.000 Euro gedeelt duech 1.466 MWh = 100 EUR pro MWh), a Parallel och d’Rahmebedingungen fir déi rezent Solarauschreiwungen kukkt (prix maxima zwëscht 89 [industriell Flächen] an 145 [op Diëcher oder op Waasser] Euro pro MWh), stellt ee fest, dass ee sech a Beräicher beweegt, déi wäit iwwer de Marchéspraisser (40-50 Euro pro MWh) sinn an och iwwer de Fërderniveauen aus eise Nopeschlänner (zum Beispill Daitschland, Solar: 35 – 71 Euro pro MWh verglach matt dem Maximum vun 89 Euro pro MWh fir industriell Anlagen zu Lëtzebuerg). Natirlech ass d’Zil, des Energien zu Lëtzebuerg ze fërderen, mee d’Technologien si mëttlerweil op engem Stand, wou een och manner héich Tariffer kéint ginn an nach ëmmer attraktiv Rendementen hätt.


Wat de statisteschen Transfer ugeet gesinn ech, dass den Investitiounsbedarf fir de Kooperationsmechanismus weider bei 0 läit fir déi kommend Joëren. Fir mech heescht dat, dass Lëtzebuerg sech net konkret um Finanzement vun erneierbare Projet’en am Ausland wäert bedeelegen a weider just eng Zomm u Suen pro Joër bezillt, fir greng Statistike gutt geschriwwen ze kréien. Bei engem Fërderbedarf an dëser Kategorie vun 41 Milliounen Euro fir 2025 en retour fir 1.374.000 GWh wieren dat eppes klenges méi 30 Euro pro MWh.


Mir hu vidru gesinn, dass d’Wierker zu Lëtzebuerg oft dat dräifacht als Fërdertariff kréien, sou dass ech mech froën, wéi serieux Lëtzebuerg sain Usaatz hëllt: “Die Kooperation mit anderen Mitgliedsstaaten sowie die statistischen Transfers sollen weiterentwickelt werden und konkrete Projekte beinhalten (z. B. große Solaranlagen im Süden Europas oder Offshore-Wind Anlagen).” Hei ass Raum fir Interpretatioun, sou das sech hoffen, dass de Mechanismus verbessert gëtt.


Ech wees och net, ob ech Biokraaftstoffer nach an deem Ausmooss géng fërderen (670 Milliounen Euro vun 2021 bis 2030). Laangfristeg wäert sech d'Mobilitéit ewech vun dem Verbrennungsmotor entweckelen, sou dass ech net vill Sënn an dese Fërderbeträg gesinn. Wëll d'Zomm signifikativ ass, wees ech net, ob ech all d'Informatiune kennen, fir eng Meenung ze hunn.

[Source: Klimaplang]


Innovatioun a Fuerschung: d’Konzept vun “embodied carbon”


Ech begréissen et och, dass Lëtzebuerg seng Fuerschungs- an Innovatiounsstrategie em Konzepter ewéi „zero carbon“, „circularity“, „lifestyle changes”, „Climate Solutions” a „green finance“ emstelle wëll. Dat ass luewenswäert, well dëst sinn alles kritesch Pilieren fir d’Klimabilanz. Konkret Usätz, wéi dës Programmer ausgesi sollen, fënnt een awer net am Dokument an et fënnt ee gréisstendeels nëmme Floskelen. Domatt leeft Lëtzebuerg de Risiko, wichteg Zäit ze verléieren wärend aner Länner schon esougenannten “Hubs” opgebaut a Cleantech Start-ups ugezunn hunn.


Ech fannen et och schued, dass net méi op d’Konzept vun den “embodied emissions” agaangen ass. “Embodied emissions” sinn d’Emissiounen, déi an dem ganze Produktiounsprozess vun engem Produit verbaucht ginn an déi a mengen Aën misste matt an d’Rechnung vum Ofdrock vun engem Produit fléissen. Esou geng d’Energie, déi bei der Extraktioun vu Rohstoffer, der Veraarbechtung, der Fabrikatioun, dem Transport an der Entsuergung, verbraucht gëtt, och matt verrechent ginn. Et kann een och vum “Carbon Footprint” vun engem Produit schwätzen.


Hei hätt d’Regierung den eemolege Momentum gehat, sech zu anere Länner ze differenziéieren, wann si ähnlech ambitiéis Ziler fir eng Reduktioun vun den “embodied emissions” um Pabeier festgehal hätt, wéi am Energiesektor. An enger innovativer Klimapolitik geet et nämlech net duer, sech ausschliesslech op eng CO2 Zuel op nationalem Terrain ze konzentréieren. Dem Klima ass et nämlech egal, wou d’Emissiounen ausgestouss ginn. Fir eng ambitiéis Klimapolitik kann ee sech net ausschliesslech op national Emissioune beschränken.


Wat mengen ech domatt? Ech ginn iech zwee Beispiller, déi am Moment oft zitéiert ginn: d’Textilindustrie an de Bausektor. An der Textilindustrie ensteet e Groussdeel vum Footprint bei der Hirstellung vum Produit, dëst meeschtens an asiatesche Länner. Zu Lëtzebuerg entsti wéineg Emissiounen: déi vun der Logistik, dem Verbauch an der Entsuergung. Hei hätt d’Regierung kéinten envisagéieren, dass zu Lëtzebuerg virsätzlech Produiten verkaf solle ginn, déi e reduzéierte Footprint par rapport zum “konventionelle” Produit hunn.

[Source: Harvard]


Genausou am Bausektor, wou Produiten ewéi Zement, Stohl oder Eisen zwar deelweis zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, mee et wéineg Incentivatioune ginn, fir op aner Materialen emzeklammen (entweder ass den CO2 Präis ze niddreg oder et existéieren nach keng rentabel Alternativen). De Stohl an Zement Sektor ass hei europawäit vum EU Emissions Trading Scheme (ETS) gedeckt, ma deem Schema seng Präisser woren (2019 ausgekoppelt) ze bëlleg, fir eppes ze bewierken a wäerten och no der Coronakris viraussiichtlech ze niddreg sinn. Als konkret Beispill weisen ech hei op d’Passivhaus hin: zwar huet Lëtzebuerg e staarke Program, d’Energiekonsommatioun vun dësen Haiser gen null ze drecken (“operational carbon”), ma sou ginn et awer wéineg Initiativen, fir durable Materialien ze benotzen bei der Konstruktioun (“embodied carbon”).

Dës zwee Sektoren hunn ech als Beispill geholl, mee natirlech kann een hei op aner Sektoren extrapoléieren (zum Beispill Landwirtschaft, Elektronik,…): wäerten et Incentiven, fir de Konsument oder de Produzent/Entrepreneur, ginn, fir d’Emklammen op durabel Produiten ze fërderen? Zum Beispill Reduktioune beim Kafprais fir nohalteg Produiten (zum Beispill GOTS oder GRS Label an der Fashion) oder Tariffer fir gréng Materialien (Bausektor), do, wou dës net präiskompetitiv sinn. Dat wier d’Progressivitéit, déi ech mir gewënscht hätt a woumatt geng Lëtzebuerg eng Leaderpositioun géng anhuelen.


Steierpolitik


Am Klimaplang bezéien sech d'fiskal Mesuren bal auschliesslech op d'Besteierung vum Brennstoff-Auto ewéi déi domat zesummenhänkend Accisen an CO2 Tax um Diesel a Bensin. An engem Land, dat iwwert déi läscht Joerzéngter awer bekannt war, Nischen duech eng clever Steierpolitik ze begënschtegen, sinn des Mesuren menger Meenung no net déif gräifend genuch.


Et ass dofir ze bedaueren, dass net och an aner Secteuren probéiert gouf, op der enger Säit duerch Steiererliichterungen „gréng“ Nischen, Visiounen, Produiten an Servicer ze ënnerstëtzen, an op der aner Säit duerch Steiererhéijungen, besonnesch ëmweltschiedlech Verhalen ze ënnerbannen.


D'Steiermoossnamen kéinten esou den Entreprisen de Schrëtt an eng méi nohalteg Zukunft méi einfach maachen. Dëst ass besonnesch wierksam wann esou Mesuren erlaben, ëmweltfrëndlech Produiten an Servicer zum selwechten Präis kennen unzebidden. Desweideren kéinte sëllegen Beispiller, déi duech den Artikel genannt goufen, esou duech Steiermoossnamen ënnerstëtzt ginn (zB „gréng“ Finanzen, Cleantech Start-upen, nohaltegt Bauen, Recherche).


Esou kéint ee konkret fuerderen, dass de Stat d’CO2 Steier op all End-Produit misst uwenden, deen aus “klima-relevante” Sektore kënnt. Hei proposéiert de Klimaplang eng CO2 Steier op d’Kraaftstoffer vun 20 Euro pro Ton CO2, déi progressiv eropgesat wäert ginn nom Prinzip „pollueur-payeur“. Dat fannen ech wuel kee schlechten Usaatz, ma misst de Präis progressiv a séier op 50-100 Euro pro Ton eropgesat ginn an den nexte Joëren (Horizont 2025 oder 2030). Et ass wichteg, dëse cibléierten Niveau fréi ze kommunizéieren, fir den Entreprisen eng Chance ze ginn ze innovéieren. Eng Entreprise investeiert bekanntlecherweis léiwer an en verbesserten Produit, ewéi mussen Stroftaxen ze bezuelen. A mengen Aën ass 100 Euro e gudde laangfristegen Equiliber, well et den Niveau ass, op deem Direct Air Capture Technologien, déi CO2 aus der Loft “saugen”, laangfristeg konkurrenzfäheg wäerte sinn (Beispill: Climeworks).


Lëtzebuerg als Start-Up “Hub”


Wa mer nach ee Schrëtt méi wäit ginn ass et d’Fro: wéi kréie mir Entreprisen ewéi Climeworks op Lëtzebuerg an établéieren Lëtzebuerg als “hub” fir Cleantech-Startups, wéi dat am Klimaplang virgesinn ass? Ech zitéieren: “Luxemburg sollte aber auch den Anspruch haben, im Bereich des Klimaschutzes zu einer „Start-Up Nation“ zu werden. Die Vorreiterrolle in Schlüsseltechnologien (Null-Energie Gebäude, Elektromobilität, Photovoltaik), der Ausbau der Energieforschung und der Innovation in Luxemburg, aber besonders die hohe Dichte an Kompetenz rund um „Green Finance“ bieten ein Umfeld, das es ermöglicht, in Luxemburg bestehende Firmen im Bereich des Klimaschutzes zu unterstützen und neue Firmen aus Europa und der ganzen Welt anzuziehen.”


Och hei ginn ech zwee Beispiller aus dem Fashion Sektor: dat éischt Beispill ass Amsterdam, dat et iwwer déi läscht Joëre faerdeg bruecht huet, zu engem “Hub” fir sustainable Fashion ze ginn, matt Accélérateuren ewéi Fashion for Good oder als Sëtz fir durable Marken. Dat zweet Beispill an der Innovatioun ass Schweden, déi matt hierem Recherche Zenter RI.SE zënter Joëren un enger Léisung fir den Textile Recycling schaffen. Am Textil gëtt et nach keng Méiglechkeet, d’Kleeder zu Materialien ze recycléieren, déi rem zu 100% an d’Textil-Produktiounskett intégréiert ginn. Aus deem Recherche Zenter sinn och schon 3 Start-Upe “gebuer” ginn, déi schon op klenge Produktiounskapazitéite lafen. Genau sou ginn et low carbon cement oder low carbon steel Initiativen, an deer Lëtzebuerg sech zwar op EU Level abanne wëll, ma ech mech awer froën, wéi lëtzebuergesch Akteuren fir de Changement incentiviséiert ginn.


Konkret vermessen ech am Klimaplang all Roadmap ewéi een dest Ziel keint erreechen. Lëtzebuerg huet zwar matt Luxinnovation eng Initiativ, déi d’Cleantech Start-Upen zu Lëtzebuerg regroupéeire soll, mee mer sinn anere Länner am Beräich vun der Recherche an dëse Sujeten Joëren hannendrun. Letzebuerg als klengt Land huet do e risege Virdeel vis-à-vis vu sengen europäeschen Nopeschtslänner weinst der praktescher Emsetzung, wëll mer méi flexibel kënne sinn an och vill Akteuren op der Finanzplaatz hunn (an domatt Accès op Funding fir Start Ups). Dee Virdeel gëllt et ze notzen.


Green Finance


Lëtzebuerg ass weltwäit déi zweetgréisste Fongeplaatz. Beim Pilier “Green Finance” kënne mir also en international wichtege Role anhuelen, dowéinst geng ech mir hei e grousse Schrëtt virstellen, wann ee sech als Leader wëll positionnéieren. Sou misst all Bedeelegungsgesellschaft e “klima-relevante” Reporting bei der CSSF areechen, deen et erlaabt, erauszefannen, a wéienge Klima-Sektoren d’Gesellschaften investéiert sinn. Fir dass de Finanzsecteur e positive Bäitrag fir de Klimaschutz ka ginn, ass et essentiell, dass Lëtzebuerg säi Positionnement renforcéiert, andeems eng Informatiounspflicht iwwer klima-relevant Sektoren agefouert gëtt.


Natirlech ass d’Fongeplaatz e grousse Business fir eist Land, dowéinst misst een ofweien, ob een dueno d’Gesellschafte well belounen, déi pro Klima investéieren oder déi bestrofen, déi anti Klima investéieren. Och dës Initiativen vermëssen ech am Klimaplang. 20% “green finance” bis 2025 ass e luewenswäert Zil, mee et feelt hei et u konkrete Virstellungen an et léisst Spillraum fir Kompromisser.


Finanzinstitutiounen, déi zu Lëtzebuerg hiert Geschäft u Privatbierger (Retail Investor op Englesch) addresséiert, sollen nohalteg Investissement Optiounen missten ubidden. Bei Banken kann een sech dëst zum Beispill ënnert engem grénge Spuerkont oder nohaltege Placementer a Fongen virstellen. Pensiounsfongen, Assurance-Vie an Spuerkonten sollte par défaut gréng oder nohalteg ugeluecht ginn.


Klimaneutralitéit 2050


A mengen Aën kënnt dëst Zil ze spéit. Wa mir weider am heitege Rhytmus CO2 emettéieren, hätt d’Mënschheet 2028 de Planéit em 1.5°C erhëtzt an domatt d’Limit vum Paräiser Klimaaccord erreecht. D’Emissiounen missten also ab 2028 null sinn fir d’Zil vun 1.5°C Erwiermung ze erreechen. En utopescht Zil, wann ee bedenkt, dass global réicht knapp 20% op erneierbar Energien leeft an de ganze Weltwirtschaftssystem zum Groussdeel vu fossilen Energien ofhänkt.


D’Zil vun der Klimaneutralitéit fir 2050 unzesëtzen, ass also kengeswegs ambitiéis. Et missten dann negativ Emissiounstechnologien benotzt ginn, fir den CO2 “aus der Loft ze saugen”, dee mir no 2028 ze vill ausgestouss hunn. Dat ass wuel technesch méiglech, mee da liewe mir déi nächst Joëren matt der Hoffnung, dass (villäicht enges Dags) d’Technologie eis rette wäert. Ausserdem kënne vill kritesch Ecosystemer bis dohin irreversibel Schied erlidden hunn, déi een duech Technologie neméi reparéiere kann.

Klima-Educatioun


Wat ech och am Klimaplang vermëssen, ass dass een de Secteur vun der Educatioun net mat agebonne goufen. An der Primärschoul an am Sekondär missten Schoulfächer agefouert ginn, op der Uni.lu missten spezifesch Studiegäng virgeschloen ginn fir op relveant Beruffer virzebereeden. Hei gëtt et zwar e Master "in finance and economics" matt engem "track" an der "sustainable finance", mee dat geet net duer. Wéi virdru behaapt, missten och op der Uni Fuerschungszentren entstoën, déi sech mat dësen Thematiken weider auserneesetzen.


Eng ofschléissend Remark zur ekonomëscher Sitatuatioun ënner dem Coronavirus


Am Moment huet de Coronavirus de ganzen ëffentlechen Intérêt ënner senger Muecht. Dat ass och momentan déi hechst Prioritéit, deeër een alles ënneruerdne soll. No dëm Virus wäert et awer eng Période de Relance ginn, an deeër d’Ekonomie rem accéléréiert soll ginn. Dat wier e Moment, an deem Lëtzebuerg voll kéint op “gréng” sëtzen, an deem een de Paquet de Relance op grénge Moossnahme baséiert.


Konklusion


Ech begréissen ausdrécklech d’Klimaziler, duerch déi d'Lëtzebuerger Regierung hir Engagementer am Bezuch op de Paräisser Vertrag op nationalem Niveau anhale wëll. Den nationalen Energie- a Klimaplang enthällt vill wëllkomm Moossnamen déi d'Lëtzebuerger Regierung ëmsetzen wëll a matt denen ech ganz alignéiert sinn. 


Ech fannen et awer schued, dass d'Regierung d'Geleeënheet verpasst huet, ambitiéis an innovativ Virschléi zemaachen. Dowéinst sinn ech der Meenung, wéi an dësem Artikel gelëscht, dass de Klimaplang duech konkret Prinziper a Mesure verstärkt misst ginn. Dës Prinziper a Mesuren schecken als Recommendatiounen un d'Regierung, déi dem Public en Délai bis den 29/03/2020 accordéiert huet, fir Avis'en ofzeginn.


Wann dir och wëllt, dass äer Stëmm gehéiert gëtt, invitéieren ech iech, mäi Bréif ze huelen an dësen och un der Ministère ze schecken. Natirlech kënnt dir iech och just déi Punkter aus dem Bréif erausplecken, matt denen Dir alignéiert sitt. Esou gi mir dësen Argumenter méi Gewiicht, wann se vun enger grousser Masse kommen.


Villmols merci fir Äer Ënnerstëtzung !


 

Ech wëll och dem Christophe Nicolay Merci soë fir seng kontinuéierlech Ënnerstëtzung bei dësem Projet.



389 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page